Tropen: Gutt Norichte fir Florida, schlechter fir d’Philippinen

An der Karibik dréint sech den Tropestuerm SARA, deen sech glécklecherweis net esou staark entwéckelt. Anescht elo op de Philippinen: E Supertaifun mat der Stäerkt vun engem Kategorie 5-Hurrikan trëfft all Moment u Land.

Advertisement

Manner héich Gefor fir Florida

Virun e puer Deeg hu mir iwwert den Tropestuerm SARA geschwat, wou e nach net existéiert huet. D’Modellrechnunge waren zimmlech op där Schinn, dass en iwwert den Oste vu Mexiko sollt ewechzéien, ier e sech dann iwwert dem Golf vu Mexiko weider verstäerke soll fir op Florida duerzezéien. Esouwäit ass et awer nach net komm: Aktuell läit d’SARA knapp nërdlech vun der Küst vun Honduras an ass ze no un der Küst, fir vum waarme Mierwaasser mat Energie gefiddert ze ginn. Aktuell Aussiichte besoen, dass de Stuerm muer am Laf vum Dag op Belize wäert treffen, dat ëmmer nach “just” als Tropestuerm mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun 80 km/h. Fréier oder spéider soll en op der anerer Säit, also am Golf vu Mexiko erauskommen. Stand aktuell sollt et dann awer just nach eng tropesch Depressioun sinn.


Dass de Stuerm iergendwann a Florida ukënnt, ass awer weiderhi méiglech | Grafik: tropicaltidbits.com

De System wäert duerno awer virun existéieren: Aktuell Projektioune weise nämlech, dass Florida ëmmer nach e méiglecht Zil ass. D’Fro ass dann just, a wat fir enger Form dat soll geschéien. Gëtt d’SARA erëm en Tropestuerm, oder fläit Hurrikan?

Immens staarken Taifun op de Philippinen

D’Philippinen ginn de Moment vun engem Tropestuerm nom anere getraff. De 7. November war et beispillsweis den Taifun YINXING, deen iwwert den äusserste Norden ewechgezunn ass. De 14. November koum et an der selwechter Regioun zu engem weidere staarken Taifun mam Numm USAGI. Elo steet de Supertaifun MAN-YI an de Startlächer, wouvun d’Aen all Moment den äusserste Norde vu Catanduanes trëfft. An der Moyenne generéiert de Stuerm Wandvitesse vun 265 km/h, an de Spëtzte ginn däitlech méi wéi 300 km/h erreech – dës Intensitéiten sinn den Equivalent zu engem Hurrikan vun der héchster fënnefter Kategorie am Atlantik.


Aktuelle Satbild-Loop vum Supertaifun MAN-YU | Animatioun: tropicaltidbits.com

Den Owend schrammt e laanscht den äusserste Norden vu Camarines Sur a Camarines Norte, dobäi kann et op Calaguas Island souwéi och op Palasan Island zu schroen Auswierkunge kommen, well hei d’Aen och knapp dru laanschtschrammt. Gréissert Festland soll de Stuerm muer de Moien eiser Zäit erreechen, de MAN-YI soll iergendwou tëscht Gabaldon a San Luis u Land goen – dat ëmmer nach mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun däitlech iwwer 200 km/h.