Tropesch Nuecht: Fir den een oder anere war net u Schlof ze denken

Déi vergaange Nuecht war eng sougenannt Tropennuecht. Wéini gëtt vun enger tropescher Nuecht geschwat an op wéi enge Plaze war et am wäermsten? E klenge Réckbléck.

Advertisement

Meteorologesch Definitioun

Wann ee vun enger tropescher Nuecht oder Tropennuecht schwätzt, dann huet dat nëmme wéineg mat dem eegene Gefill ze dinn, wéi een perséinlech d’Wiermt wouerhëlt. An der Meteorologie ginn et fir eng ganz Rei Phänomener festgeluecht Definitiounen, dorënner och fir d’Konditiounen an der vergaangener Nuecht.

Un enger Partie Statiounen net ënner 20 Grad

Fir d’éischt sief gesot, dass Tropennuechten zwar ëmmer erëm mol virkommen, mee se sinn net besonnesch heefeg. An der vergaangener Nuecht, also där op e Samsden, ass den Thermometer op tëscht 18 a bal 22 Grad zréckgaangen. Un all Statioun, wou d’20,0°C bis de Moien 8 Auer (6UTC) net ënnerschratt goufen, hate mir eng Tropennuecht. Dozou zielen:

  • Aasselbuer (ASTA): 20,2°C
  • Dol (ASTA): 20,0°C
  • Fueren (ASTA): 20,2°C
  • Findel: 20,2°C
  • Remerschen (ASTA): 20,1°C
  • Beetebuerg-Obeler: 20,4°C
  • Luxembourg International School: 20,1°C
  • Stad-Pescatore: 20,5°C
  • Réimech (ASTA): 20,5°C
  • Rued (ASTA): 20,6°C
  • Konsdref: 20,6°C

Donnéeën: ASTA, Kachelmannwetter, MeteoLux

Déi weider Aussiichten

Et geet summerlech bis héichsummerlech virun, wäit iwwer 30 Grad sollten eis awer net ustoen. An de Nuechten geet et och zimmlech mëll virun (wat weiderhin alles anescht wéi agréabel fir eng Partie Leit wäert sinn), Tropenuechten sinn awer, wann iwwerhaapt, just punktuell mol nach dran.