Fällt d’Temperatur an der Nuecht net ënner 20,0°C, da schwätzt een an der Meteorologie vun enger Tropenuecht – genee mat esou enger hate mir et ze dinn.
Advertisement
Tropesch Nuecht zu Lëtzebuerg
Iwwer groussen Deeler vum westlechen Europa koum et an der vergaangener Nuecht zu enger “Tropenuecht”. Dorënner versteet een eng Nuecht, an där d’Temperaturen bis 6 Auer moies UTC net ënner 20,0°C falen. Och zu Lëtzebuerg war dat de Fall, hei de Ranking:
- RTL City (Kierchbierg) (K): 20,9°C
- Beetebuerg-Obeler (K): 20,5°C
- Uewerkuer (A): 20,5°C
- Stad-Pescatore (K): 20,2°C
- Reiler (A): 20,1°C
- Rëmerschen (A): 20,1°C
A: ASTA, K: Kachelmannwetter
An eisem Partner-Netzwierk goufen och tropesch Nuechte registréiert: D’Statioun vum Nordtrooss Shopping Center zu Maarnech huet e Minimum vun 21,4°C gemooss, déi vum Lycée Robert Schuman ass mat 20,8°C dobäi. Dës Statioune moossen allerdéngs net komplett normgerecht – an awer zielen och dës Plazen zu de wäermsten aus der vergaangener Nuecht.
Opgrond vun engem Donnerwiederrisk sollten d’Konditioune fir eng weider tropesch Nuecht fir déi nächst Nuecht net méi esou gutt sinn. Mat Chance erliewe mir also eng kleng Ofkillung, mee hoffentlech ouni onwiederaarteg Entwécklungen.