Tropesch Nuechten zu Lëtzebuerg: Et killt net richteg of

Besonnesch an der Nuecht op de Sonnde steet eis zimmlech warscheinlech eng tropesch Nuecht an d'Haus.

Waarm Nuechten

An de kommende Nuechten däerf ee sech leider keng all ze grouss Ofkillung erhoffen. D’Modellkaarten deite nämlech un, dass et op ville Plaze nawell gutt waarm bleift. Eng Period, déi do besonnesch an d’Aen stécht, ass d’Nuecht op de Sonnden – dat nodeems um Samsden de Peak vun der Hëtzt erreecht gëtt.

Den däitsche Wiedermodell rechent domat, dass an der Nuecht op de Sonnden esouguer no Mëtternuecht nach plazeweis bis zu 27 Grad kéinte gemooss ginn, bis 6 Auer moies sollen d’Temperature generell nach tëscht 20 an 23 Grad leien. Just am äusserste Norden kéint et mat knapp ënner 20 Grad esou just net fir eng Tropen-Nuecht duergoen.


Kloer Indicer op eng Trope-Nuecht ginn et net nëmme vum ICON, mee och vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den US-Wiedermodell GFS léisst et op ëm 19 Grad ofkillen, woubäi een awer soe muss, dass dëse meeschtens e bëssen ze niddereg usetzt. Den europäeschen ECMWF-Modell gesäit d’Temperaturen op tëscht 21 a 24 Grad zréckgoen, esouguer am Norde wier et dann ëmmer nach tropesch waarm.

Wat ass eng Tropen-Nuecht iwwerhaapt?

Ënnert enger Tropen-Nuecht versteet een an der Meteorologie d’Situatioun, an där d’Temperatur tëscht 18 a 06 Auer (UTC) net ënner 20 Grad zréckgeet. Wann ee sech déi momentan Modellkaarten esou ukuckt, besteet also eng zimmlech grouss Warscheinlechkeet fir eng tropesch Nuecht zu Lëtzebuerg.

Vun der Nuecht op de Sonnden ofgesinn kéint et ganz punktuell begrenzt och schonn an der Nuecht op de Samsde fir Minimalwäerter vu knapp ëm 20 Grad duergoen.