Tropewieder: Major Hurrikan TEDDY zitt a Richtung Bermuda

No all den tropesche Stierm an Hurrikanen um Atlantik ass den Hurrikan TEDDY de Moment de stäerkste Stuerm um ganze Mier.

Den TEDDY huet sech séier verstäerkt

Den TEDDY ass den 12. September géint 11 Auer owes mat enger gemëttelter Wandvitesse vu 56 km/h a Spëtzte vu 72 km/h als tropesch Depressioun klassifizéiert ginn. Op séngem Wee a Richtung Westen huet e sech ufanks nëmme lues verstäerkt. En Tropestuerm ass en de 14. September ginn, dat mat enger Wandvitesse vun an der Moyenne 64 km/h an an de Spëtzten 80 km/h. De Mëttwoch, 16. September ass fir d’éischte Kéier vum Hurrikan TEDDY geschwat ginn, dat mat Wandvitesse vun 145 km/h a Spëtzte vun 185 km/h. An Tëschenzäit huet e sech an e “Major Hurricane” vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala virunentwéckelt. An der Moyenne bléist de Wand mat 225 km/h, an de Spëtzten ass e mat 266 km/h ënnerwee. E läit de Moment matten um Mier, iergendwou wäit ëstlech vu Puerto Rico.


Aktuell Positioun vum Hurrikan TEDDY an de weidere Parcours | Kaart: nhc.noaa.gov

Bis an de Samsden era soll de Stuerm en Hurrikan vun der véierter Kategorie bleiwen, ier e sech de Sonnden op déi drëtt Kategorie ofschwäche sollt. Zu dësem Zäitpunkt wäert e mat séngem Kär knapp ëstlech un de Bermudainsele laanschtzéien, déi awer trotzdeem e gudden Deel vum Wand an och bëssen eppes vum Reen ze spiere kréien. Ëm 30 l/m² sollen am Idealfall op de Bermudainselen erofkommen. Kéim et awer esou wéi de franséische Modell et gesäit, géifen iwwer 200 l/m² erofkommen. Dëst erschéngt aus aktueller Siicht gesinn awer als onwarscheinlech.