Nodeems den Hurrikan LAURA tëscht dem 20. an dem 29. August 2020 an der Karibik wéi och un der Grenz tëscht Texas a Louisiana immense Schued hannerlooss huet, gëtt et elo schonn e weidere Stuerm deen eng änlech Zuchbunn aschléit. De “nach” Tropestuerm SALLY läit de Moment mat séngem Kär (Stand: 14.09.2020 – 04:41 Auer) westlech vu Florida a beweegt sech a Richtung Ost- Nordosten. An der Moyenne produzéiert e Wandvitesse vu 97 km/h, an de Spëtzte ginn 113 km/h areecht. Wéi de National Hurricane Center matdeelt, soll sech de Stuerm an de nächsten Deeg nach weider verstäerken. Erwaart gëtt, dass d’SALLY tëscht dem Méindenomëtten an dem spéidere Méindenowend bei New Orleans u Land geet. De Wiedermodeller no soll de Stuerm den ieweschte Niveau vun engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala areechen, dat mat duerchschnëttleche Wandvitesse vun ëm 150 km/h. Eng weider Verstäerkung an d’Richtung vun der zweeter Kategorie erschéngt aus aktueller Siicht gesinn och gutt méiglech.
Wéi ëmmer spillt net nëmmen de Wand eng Roll, mee och de Reen. Den europäesche Wiedermodell berechent fir d’Géigend ronderëm New Orleans mat Reequantitéite vun tëscht 150 a 450 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen. Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit de Maximum vum Reen méi wäit nordëstlech vu New Orleans a rechent mat Quantitéite vu bis zu 380 l/m²/24h. Et ass dowéinst vu katastrophalen Iwwerschwemmungen auszegoen.
Aktiven Atlantik
Nieft dem Stuerm SALLY sinn dräi weider tropesch Stierm/tropesch Depressiounen aktiv. Dat engt ass den deemolegen Tropestuerm RENE, deen an Tëschenzäit just nach eng tropesch Depressioun ass a sech an de nächsten Deeg opléise wäert. E stellt keng Gefor duer. Anescht awer den Hurrikan PAULETTE, deen als Hurrikan vun der éischter Kategorie klassifizéiert ass. An der Moyenne bléist e mat 137 km/h, an de Spëtzte ginn 169 km/h areecht. Nach haut um Méinde soll de Stuerm iwwer Bermuda ewechzéien, dem amerikanesche Wiedermodell GFS no kéint de Stuerm esouguer mat séngem Aen genee iwwer Hamilton ewechzéien. Et ass mat Wandstéiss vu bis zu 180 km/h ze rechnen, den europäesche Modell ECMWF ass esouguer mat 215 km/h dobäi. D’Reequantitéite sollte sech tëscht 80 an 160 l/m²/24h ophalen.
En aneren interessante System ass déi aktuell benannt Tropical Depression Twenty, déi nach matten um Atlantik läit. An de nächsten Deeg soll aus dem Stuerm en Tropestuerm ginn (wou en dann och e richtege Numm kritt), Mëtt der Woch kéint e sech zu engem Hurrikan verstäerken. Wéi d’Experte vum National Hurricane Center et gesi, soll dës tropesch Depressioun Enn der Woch souguer kënnen ee Major Hurricane ginn, also en Hurrikan deen op mannst der drëtter Kategorie op der Saffir- Simpson Skala zouzeschreiwen ass.