Tropewieder: Tropestuerm ETA soll als Hurrikan am Nicaragua u Land goen

Déi bis ewell ganz aktiv Tropestuerm- an Hurrikansaison plangt nach mat dem engen oder aneren Hurrikan.

E weideren Tropestuerm huet sech iwwert dem karibesche Mier forméiert: de System mam Numm ETA soll an de nächsten Deeg ënner Intensivéierung am Nicaragua u Land goen.

De Stuerm huet sech den 31. Oktober 2020 iwwert dem karibesche Mier, tëscht der Dominikanescher Republik a Kolumbien, entwéckelt. Net mol 24 Stonnen duerno ass de Stuerm mat engem Mëttelwand vu 64 km/h a Wandspëtzte vun ëm 80 km/h en tropesche Wirbelstuerm ginn. An Tëschenzäit (Stand 02.11.2020 – 16:10 Auer) ass de Stuerm als Hurrikan vun der zweeter Kategorie ënnerwee a bléist an der Moyenne mat 177 km/h. An de Spëtzte ginn 209 km/h gemooss.


De Parcours vum ETA fir déi nächst Deeg | Grafik: nhc.noaa.gov

Wéi d’Wiedermodeller et gesinn, soll den ETA den Dënschdenomëtten als Hurrikan vun der drëtter (Major) Kategorie op der Saffir-Simpson Skala bei Puerto Cabezas am Nicaragua u Land goen. Dat entsprécht Wandvitesse vun tëscht 178 bis 209 km/h. Sollt wierklech déi drëtt Kategorie areecht ginn (an dësem Fall wier et e Major Hurricane), dann awer warscheinlech just am niddrëge Beräich. A Punkto Reequantitéite schwätze mir vun tëscht 80 an 150 l/m² an Zäit vu 24 Stonne, punktuell och mol an d’Richtung vun den 200 l/m².