Um Mëttwoch gëtt eist Wieder vun engem Déif, daat aus Frankräich eropgezu kënnt, eist Wieder. Virun der Kaalfront an och un der Kaalfront selwer sinn deels kräftëg Donnerwiedere méigleg, mee et wärt wéi ëmmer net jiddereen eppes dovunner matkréien. Well et nach Onsëcherheete ginn, fannt Dir hei elo e Modellvergläich.
Modellvergläich
Vir d’Ënnerscheeder tëschent de Modeller siichtbar ze maache, fannt Dir an de folgenden Zeilen e Modellvergläich. Wa Dir daat alles iwwersprange wëllt, kënnt Dir direkt ënne bei de Fazit scrollen. All Modellgrafike stinn ënnert dem Copyright vu wxcharts.eu
AROME
Dem franséische Wiedermodell AROME no ereecht eis d’Kaalfront vum System am Nomëtten tëscht 15 a 17 Auer. Dëse Modell rechent, zumindest waat de Nidderschlag ugeet, de Schwéierpunkt iwwer Lëtzebuerg an dem Nordosten/Osten vu Frankräich. Et wieren dobai zolitt Nidderschléi, Knëppelsteng a staark Wandstéiss net auszeschléissen. Bei eis a Lëtzebuerg wieren demno bis zu 60 km/h méigleg, a Frankräich punktuell bis 90 km/h. Vum Owend un soll d’Aktivitéit ofhuelen a sech a Richtung Frankräich verzéien.
ARPEGE
Dem franséische Wiedermodell ARPEGE no wärt d’Front géint 15/16 Auer zu Lëtzebuerg ukommen. Am Laaf vun den dropfolgende Stonne géif sech de Schwéierpunkt op Lëtzebuerg mee awer och de Nordweste vu Frankräich verdeelen. De Südweste vun Däitschland kriit laut dëser Modellrechnung kaum eppes of. Beim Passage vun der Front wier am Nordweste vun Däitschland souwuel och hei zu Lëtzebuerg mat Spëtzte vun ëm déi 60 km/h ze rechnen. Waat d’Nidderschléi ugeet kéim et haaptsächlech zu Reen, dee punktuell méi kräftëg ausfaale kéint. Knëppelsteng wiere net all ze wahrscheinlech.
GFS
Dem amerikanësche Wiedermodell GFS no géif sech de Maximum vum Owend un op Lëtzebuerg konzentréieren. De Risk vu Knëppelsteng wier dobäi nëmme geréng an och d’Wandstéiss wiere mat Werter vu bis zu 50 km/h net wierklech relevant. Am weidere Verlaaf vum Owend verzitt sech d’Déifdrockgebitt mat hiere Frontesystemer a Richtung Däitschland, wou sech de System no a no ofschwäche géif.
HARMONIE
De franséischen HARMONIE-Wiedermodell beschränkt sech zwar op de Be-Ne-Lux Beräich, allerdéngs léisst sech Lëtzebuerg och dodrobber erblécken. Dësem Modell no konzentréiert sech d’Haaptaktivitéit op d’däitsch-hollännësch Grenz an op d’Belge. Virun allem op deene Plaatze wier mat deels zolitte Nidderschléi ze rechnen. Iwwerdeems d’Intensitéit vum Reen ofhëllt, hëllt de Wand, soubaal d’Front an Däitschland ass, zou. Daat gëllt net nëmme vir de Nordwesten, mee och vir de Südwesten.
HIRLAM
Den HIRLAM rechent tësche 14 a 16 Auer mat den éichte Nidderschléi an der Lëtzebuerger Géigend. Dës sollen awer nëmme liicht bis méissëg ausfaalen a näischt onwiederartëges bréngen. De Schwéierpunkt vun der Front wier demno am Oste vu Frankräich souwéi am Südweste vun Däitschland ze erwaarden. Zolitt Nidderschléi, zesumme mat der Wahrscheinlechkeet vu Knëppelsteng, géifen optrieden. De Wand géif sech a Grenzen haale, mee kann am Fall vu méi staarken Entwécklungen op iwwer 50 km/h opfrëschen.
ICON
Den däitschen ICON rechent ab +/- 13 Auer mat liichte bis moderate Nidderschléi vum Südweste vu Frankräich bis erop an d’Géigend vun Oochen. Vun do aus méi wäit nördlech wieren déi stärkst Nidderschléi ze erwaarden, mee op enger net-onwiederartëger Basis. Trotz de méi staarke Nidderschléi méi wäit nördlech, wier awer am BeNeLux-Beräich souwéi am Südweste vun Däitschland mam stärkste Wand ze rechnen. Spëtzte bis lokal 75 km/h wieren am Beräich vum Méiglegen.
Fazit
Dës Kaart gouf dem Modellvergläich entspriechend ugeluecht. Déi agezeechent Gebitter bezéie sech op Wahrscheinlechkeeten, wouduerch ee soe kann, dass et gutt méigleg ass, dass sech d’Haaptaktivitéit am orangen Gebitt ophaale wärt. Et wärt net iwwerall d’selwecht staark sinn, et geet just em d’Probabilitéit. Am Fall vun engem Donnerwieder muss mat Staarkreen gerechent ginn. De Wand hält sech mat bis zu 60 km/h an de Spëtzten a Grenzen. Just am Fall vu méi staarken Entwécklungen, déi just lokal begrenzt optriede wärten, kann dëse Wert iwwertraff ginn. Niewebäi besteht och de Risk vu Knëppelsteng.
Alles waat am giele Beräich lait muss just ganz punktuell begrenzt mat onwiederartëgen Entwécklunge rechnen. Gréisstendeels leeft alles ouni weider besonnëg Opmierksamkeet of, daat bei engem Wand vu bis héchstens 60 km/h, punktuell staarkem Reen a klenge Knëppelsteng.
Um Mëttwoch wärten d’Donnerwiederen also just op lokaler Basis mol an de warnrelevante Beräich gerooden, soss ass mat näischt dramatëschem ze rechnen.