Turbulente Sonndën steet un

Wéi den Donnëschden scho kuerz ugeschwaat besteht de Sonndën de Risk vun enger gutt ausgebauter Onwiederlag. Dës gëtt ënnert anerem vun engem kräftëgen Déif ausgeléist, waat mam Kär (Kärdrock ~990 hPa) westlëch un eis laanschtzéie wärt. D’Kaalfront dovunner wärt iwwert eis ewechzéien.

Ët ass esou, dass ët um Sonndën op der Virdersäit (Vorderseite) vum Déif nachengkéier richtëg gutt waarem gëtt, well méi mëll Loftmassen an eis Géigende “geschëppt” ginn. Sou kënne laut aktuelle Modellrechnungen am Nomëtten nachengkéier gutt 24 Grad ereecht ginn, daat besonnëg am Südosten vum Land. Um Moien ass ët nach op ville Plaatzen éichter wolléckëg, daat och duerch e puer Schaueren déi iwwert eis ewechzéien. Soubaal dës sëch verzunn hunn, kann ët richtëg gutt opwiermen.

Grafik: wxcharts.eu

Sonnenastrahlung ass eng wichtëg Zutat vir d’Entstéiung vun engem Donnerwieder. Ass dës nët präsent genuch, fällt och d’Donnerwiederaktivitéit dementspriechend méi schwaach aus. (Onsëcherheet). Kënnt ët sou wéi elo berechent, sollt ët bis an de spéide Nomëtten nach rouëg an eise Géigende bleiwen, och wann de Wand ë bëssen opfrësche kann.

Während dem Iwwergang vum spéide Nomëtten an den Owend eran kënne sëch entlaang der Kaalfront präfrontal Donnerwiederen entwécklen, déi ët an sëch hunn. Dës kënnen de ganzen Owend laang aktiv sinn a sëch souguer bis an d’Nuecht eran zéien. No Mëtternuecht ass mam Kaalfrontpassage ze rechnen, deen virun allem mat zolittem Wand iwwer d’Bühn goe kéint.

D’Geforegebitt erstreckt sëch de Sonndën iwwert de Nordosten vu Frankräich, den Osten vun der Belge, de Südosten vun Holland, de Westen vun Däitschland a Lëtzebuerg. D’Anzeechnung op der Kaart markéiert déi Géigenden, wou sëch d’Parameteren vir d’Entstéiung vun engem zolitten Donnerwieder iwwerschneiden, zumindest laut den aktuelle Berechnungen. Mee waat ass an dësem Beräich alles méiglëg? Opgrond vun der staarker Wandscherung ass mat richtëg dynamësche Strukturen ze rechnen, also organiséierten Donnerwiederen. Ët besteht d’Gefor vun extremem Reen, Knëppelsteng, Stuermstéiss an och Superzellen (Donnerwiederen mat Rotatiounsbewegung).

Grafik: modellzentrale.de / Janek Zimmer

Onsëcherheeten:

  1.  Ët ass nët gewosst, ob d’Sonn no de Wollécken um Moien laang genuch präsent ass.
  2.  Zitt d’Déif nëmmen ë bëssen méi wäit westlëch oder östlech, ass eng gréisser Ännerung vun dëser potenzieller Lag wahrscheinlëch.
  3.  Timing. Kënnt ët méi spéit oder méi fréi géif ët d’Prognosen/Modellrechnungen och komplett op de Kapp stellen.

Also. Losst Iech w.e.g nach nët veronsëcheren! Ët ass gewosst, dass de Sonndën eppes markantës ustoe KEINT, mee nët MUSS. Egal wéi ët kënnt sidd Dir elo wéinstens informéiert a wësst, waat méiglëg ass. Ech wärt dës Situatioun stännëg vir Iech am Aaen behaalen!