Wéi bei der leschter immens interessanter Wiederlag taaschte mir eis och elo erëm Dag fir Dag un d’Situatioun erun. Momentan sti Stuerm an och relevant Schnéizommen zur Optioun.
Advertisement
Selwechte Prinzip wéi d’lescht Kéier
Bei der interessanter Wiederlag, déi eis den 20. November den éischte Schnéi vun der Saison bruecht huet, hate mir schonn de 7. November eng éischt Kéier op dës Méiglechkeet gekuckt. Natierlech kann een esou wäit am Viraus net genee soen wéi et gëtt, mee d’Grousswiederlag huet e bestëmmt Muster gewisen. Et ass nëmme nach dorop ukomm, wéi genee sech déi eenzel Déifdrockgebitter verlageren, déi am Gesamtbild fir d’Grousswiederlag verantwortlech waren.
Eng änlech Situatioun hu mir och elo erëm: An der zweeter Wochenhallschent kënnt no a no méi Beweegung an d’Spill, zumools fir e Samschden an e Sonnde weise verschidde Modeller relevant Schnéihéichten mee awer och d’Warscheinlechkeet vu Stuerm. Dohier huele mir an dësem Artikel déi eenzel Modeller auserneen an zéien e Fazit, deen als Moment-Opnam opzefaassen ass. Dëse Prinzip huet bei der leschter Kéier immens gutt funktionéiert an ass och gutt bei Iech ukomm.
Amerikanesche Modell GFS
Bis en Donneschdemoie leie mir nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, wat sech am Laf vum Donneschden awer ännert. Aus Weste kënnt eng Waarmfront op eis duer, déi eis déi éischt Nidderschléi soll bréngen. En Donneschdenowend kann eis dann e méi markante Kalfrontduerchgang ustoen, bei dem et zu kräftegem Reen mee awer och zu engem stramme Wand kënnt. Vitesse bis 70 km/h sinn da méiglech.
E Freide loosse mir dës Fronten hannert eis a gerode lues a lues op déi viicht Säit (Vorderseite) vun engem weideren Déif, wat vun de britteschen Inselen hier eragerauscht kënnt. Bei dësem Déif handelt et sech ëmt e sougenannt “Randdéif”: Et ass immens kleng a beweegt sech séier vu Plaz, wat eng exakt Prognos vum Lafwee schwéier mécht. Laut aktuellem Laf vum Modell soll de Kär e Samschdemëtten iwwert dem äusserste Nordweste vun Däitschland leien an op senger Récksäit wanterlech kal Loftmassen op Lëtzebuerg bréngen. Bis dato géif et awer just op den héchste Koppe vum Land fir Schnéi duergoen. Méi relevant wier heibäi de Wand, deen um Samschdemoie schonn fir Stuermstéiss mat ëm oder iwwer 80 km/h kéint suergen. An der Nuecht op e Sonnden an um Sonnde selwer soll d’Déif iwwert der Ostséi Halt maachen, wouduerch fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg geroden. D’Kombinatioun aus kal a fiicht géif dann fir e puer Schnéischauere suergen, zumools op de Koppe wieren dann e puer Zentimeter méiglech.
Europäesche Modell ECMWF
De Verlaf vum Donneschde gëtt vun den zwee Modeller änlech berechent. Dem ECMWF no erwaart eis am Laf vum Mëtten/Nomëtten eng schwaach Waarmfront, déi schonn fir déi éischt Nidderschléi ka suergen. Fir d’Nuecht op e Freide gëtt eng intensiv Kalfront berechent, dat mat staarkem Reen an engem spierbare, mee net stiermesche Wand. De Nidderschlag gëtt, am Verglach zum GFS-Modell, méi staark geschat. E Freide soll eis dann erëm eng Zort Iwwergangsdag erwaarden, änlech wéi den anere Modell et och gesäit.
Wou et richteg interessant gëtt, an d’Meenungen och nach wäit ausernee ginn, ass vum Samschden un. An der Nuecht soll dat virdrun ugeschwat Randdéif iwwert dem äusserste Süde vun England leien a sech vun do aus bis an de Samschdevirmëtten eran iwwert den Ärmelkanal bis an de Nordweste vu Frankräich verlageren. D’Nidderschléi, déi mat dësem Déif verbonne sinn, wieren der Berechnung no erëm zimmlech markant bis hin zu kräfteg. Nërdlech vum Déif gi wanterlech kill Loftmassen ugezaapt, iwwerdeems et op der Südsäit méi mëll Loftmasse sinn. Den aktuelle Modell-Laf rechent domat, dass eis dëst Randdéif e Samschdenomëtte ganz knapp südlech mat sengem Kär passéiert, wat bedeite géif, dass mir matten an de Beräich vun der killer Loft a gläichzäiteg de kräftege Nidderschléi géife geroden. Geschitt dat, dann hätte mir et am ganze Land vum Samschdevirmëtten bis an d’Nuecht op e Sonnden eran mat kräftegem Schnéifall ze dinn. E Sonnde wiere nach e puer vereenzelt Schauere méiglech. Wat méiglech Stuerm-Zenarien ugeet, weist dëse Modell näischt relevantes, well mir op der Nordsäit amplaz der Südsäit géife leien.
Fazit
Wéi mir also, Stand aktuell, gesinn, rechent den amerikanesche Modell GFS fir de Weekend mat méigleche Stuermstéiss oder engem Stuerm, iwwerdeems et och heiansdo, besonnesch op de Koppe, ka schneien. Eng dënn Schnéicouche wier dobäi denkbar, mee fir op den exakten Zentimeter anzegoen ass et nach ze fréi.
Den europäesche Wiedermodell gesäit fir e Samschden e richtegt “Schnéidéif”, duerch dat et am ganze Land géif wäiss ginn, wann et dann esou kéim. Wat awer wichteg ass ze erwäänen: Dëse Modell ass a Saache Schnéi oft ze optimistesch. En ass also mat Virsiicht ze genéissen. Wat de Wand betrëfft gëtt zwar en Donneschden an och um relevante Samschden e stramme Wand berechent, mee mir sollten dëser Berechnung no a kee richtegt Stuermfeld geroden.
Aus aktueller Siicht gesinn sinn Optiounen op stiermescht Wieder méi warscheinlech, well och den däitschen ICON-Modell e méiglecht Stuermfeld fir de Weeekend simuléiert. Schnéi wier zwar och dobäi, mee déi masseg Zommen, déi vum europäesche Modell fir e Samschden an d’Nuecht op e Sonnde berechent ginn, sinn aktuell mol nach en Ausräisser. Mol kucke, wéi et virugeet.