Turbulenten Dënschden: Schnéi a Stuerm méigleg

Um Dënschde kënnt en Déif aus südleche Richtungen an eis Géigende gezunn, waat uerdentlech Beweegung an d’Wiedergeschéie brénge wärt.

Wanterlech Konditiounen

Muer um Dënschden erwaart eis méiglegerweis de spannendsten Dag vun der ganzer Woch. Um Méindenowend läit en Déifdrockgebitt mat séngem Kär iwwert der Schwäiz an zitt um Dënschden an eis Géigenden erop. Iwwerdems et eropgezu kënnt, verstärkt et sech zu engem klenge Stuermdéif. Op der Récksäit dovunner gi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt, soudass de Reen och mol a Schnéi iwwergoe kann. De Wand bléist staark a ka Spëtzte vun ëm 80 km/h ereechen.

Iwwerdems et duerch daat genannten Déif wanterlëch iwwert dem Weste vun Europa gëtt, ginn et am Géigesaatz zum Nordoste vun Däitschland gréisser Differenzen. An der Géigend vu Berlin kënnen z.B Temperature vun ëm 20 Grad ereecht ginn.

Video vum Sonndën, 28. Oktober 2018

Modellvergläich

Bei dem ganze Wiedergeschéie ginn et nach minimal Ënnerscheeder tëschent de Wiedermodeller. Vir dës ze verdäitleche, gesitt Dir hei e Modellvergläich (all Kaarte sinn ënner wxcharts.eu ze fannen).

Nidderschléi:

GFS

Den amerikanësche Wiedermodell GFS rechent net mat vill Schnéi, mee dovir mat méi staarkem Reen.

ARPEGE


De franséische Wiedermodell ARPEGE rechent ab dem fréien Dënschdemoie mat der Wahrscheinlechkeet vu Schnéischaueren. Virun allem ab dem Mëtte wier mat méi kräftëge Schaueren ze rechnen. Am Süden dierft et sech gréisstendeels nëmmen em Schnéireen handlen.

ICON


Den däitschen ICON gesäit ab dem fréien Dënschdemoie Schnéischaueren an d’Land eranzéien. Am Süde vum Land handelt et sech em Schnéireen oder och nëmme Reen.

Wand:

GFS

Laut dem amerikanësche Wiedermodell GFS sinn ab dem Dënschdemëtte Wandvitesse vun ëm 85 km/h ze erwaarden.

ARPEGE

De franséischen ARPEGE simuléiert vir den Dënschdemëtte Wandvitesse vu 70 bis 85 km/h.

ICON

Och den däitschen ICON gesäit e lëftëgen Dënschden op eis duerkommen. De Wand soll Spëtzte vu 60 bis 75 km/h ereechen.