Ugespaant Situatioun: Extreem Reenzommen iwwer Deeler vu Mëttel/- an Osteuropa méiglech

Sollt d’Situatioun esou komme, wéi se berechent gëtt, da kéint dat fir eis ëstlech a südëstlech Nopere leider katastrophal Auswierkungen hunn. Nach gëtt et awer Spillraum, dohier heescht et mol nach ofwaarden.

Advertisement

Eng sougenannt “5b-Wiederlag”

D’Wiedermodeller rechnen domat, dass sech an der Nuecht op en Donneschden en Déifdrockgebitt iwwert dem Südoste vu Frankräich esouwéi dem Südweste vun Italien entwéckelt. Dëst Déif wandert bis an de Freiden eran ënner Verstäerkung eriwwer an den adriatesche Raum a wäert viraussiichtlech fir enorm Reenzomme suergen. Den éischte Modellrechnunge no kënnen tëscht dem Donneschden- an dem Freidemoie besonnesch iwwer Ostitalien & Grenz zu Slowenien bal 200 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen optrieden. Bis dohin ass et schonn méi oder manner als warscheinlech anzestufen, dass et esou änlech kënnt – mee duerno geet d’Gekniffels un.


Déi aktuell berechent akkumuléiert Reenzomme bis e Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Dem aktuelle Stand no breet sech de Reen vum Freide bis an de Samschden eran och an de Weste vum Balkan eran, och do sinn Zomme vu wäit iwwer 100 oder 150 l/m² denkbar. Besonnesch interessant gëtt et awer fir déi Géigenden, déi méi wäit nërdlech leien: Esou wéi dat fir een “5b-Déifdrockgebitt” typesch ass, verlagert sech dëst aus dem Mëttelmierraum eraus an d’Alpen a vun do aus ëmmer méi a Richtung Tschechien a Polen, deemno wéi och Ostdäitschland. Hei stéisst d’Déif op d’Alpen, wat eng weider Verstäerkung vun de Nidderschléi kann zur Konsequenz hunn.

Immens héich Reenzommen am Südoste vun Däitschland & Ëmgéigend net ausgeschloss

De Weekend iwwer haten d’Modeller deels katastrophal Léisungen an hire Berechnungen. Eng dovun hat Reenzomme vun tëscht 200 a 400 l/m² fir de Gros vum Süde vun Däitschland gewisen, wat enorm Konsequenze gehat hätt. D’Modellrechnungen direkt duerno hunn de Schwéierpunkt vun de Reenzomme méi wäit an den Oste verréckelt, wat zwar besser Norichte fir eis däitsch Nopere sinn, mee net fir déi ëmleiend Länner: Dem aktuellen europäesche Modell no soll et queesch duerch Eisträich tëscht dem fréien Donneschdemoien an dem Sonndenowend tëscht 100 an ongeféier 350 l/m² reenen. Fir de Gros vun Tschechien, déi westlech Hallschent vun der Slovakei esouwéi de Südweste vu Polen wiere nëmme liicht manner héich Zommen dobäi. Wat Däitschland betrëfft gesinn déi aktuell Modeller just um äusserste Rand zu den Alpen d’Potenzial vun ëm 200 l/m².


Déi aktuell berechent akkumuléiert Reenzomme bis e Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell weist keng grouss nennenswäert Ënnerscheeder – sollten d’Berechnungen esou bleiwen, da kéim et iwwer Deeler vu Mëttel- esouwéi Osteuropa zu enger katastrophaler Onwiederlag mat extreemen Iwwerschwemmungen. En Deel vum Nidderschlag kann an den Alpen och als Schnéi erofkommen, tëscht 50 an 100 cm wiere net ausgeschloss.

Dësen Artikel ass eng Momentopnam – well d’Wiederlag esou komplex ass, kommen heizou deemnächst nach weider Updates.