Um Donneschden: Op d’mannst dräi Tornado-Verdachtsfäll bei eise Noperen

D’Donnerwieder, déi op Lëtzebuerg ënnerwee waren, hate sech knapp virun eiser Grenz opgeléist. Anescht ass et dunn awer an Däitschland gewiescht, wou a verschiddenen Uertschaften a Stied gréissere Schued ugeriicht gouf. Et besteet de Verdacht op Tornadoen.

Advertisement

Lokal, mee hefteg

D’Wiederlag vu gëschter war eng nawell komplizéiert, well d’Zellen net esou zuelräich entstane sinn, wéi d’Modeller dat eigentlech um Schierm haten. Esou ass den “erhéichte Risk”, deen mir am Donnerwieder-Outlook erausginn haten, net sengem Niveau gerecht ginn. Wat awer op alle Fall zougetraff huet, war d’Aschätzung vum Risk vun engem Tornado.


D’Superzellen mat klore Strukturen um Radar gëschter südëstlech a nordëstlech vun Avesnes. Déi ënne riets hat sech kuerz viru Lëtzebuerg opgeléist | Screenshot: NLradar Software

Et hate sech iwwer Frankräich e puer Superzellen (Donnerwieder mat Rotatioun & Tornadorisk) iwwer Frankräich forméiert. E puer dovun hunn et bis op e puer 100 Kilometer Loftlinn westlech vu Lëtzebuerg gepackt, ier se dunn a sech zesummegefall sinn. Mir krute just nach d’Iwwerreschter a Form vu Schaueren of. Op anere Plaze war d’Donnerwiederaktivitéit méi markant, besonnesch an Deeler vu Nordrhein-Westfalen esouwéi och a Bayern.

Korschenbroich (Neuss), NRW

Wat NRW ugeet, gouf virun allem aus dem Raum Neuss gréissere Schued eragemellt. Haiser goufe beschiedegt, Beem sinn ëmgeknéckt, Zillen a soss Géigestänn louchen an de Stroossen. An tatsächlech: Eng Superzell ass mat sengem “Hook Echo” (Zentrum vun der Rotatioun) iwwer d’Duerf mam Numm Korschenbroich ewechgezunn. Ob elo schlussendlech en Tornado fir de Schued verantwortlech ass, oder ob et sech “just” ëm schwéier Stuermstéiss aus dem Donnerwieder eraus gehandelt huet, gëtt de Moment ënnersicht.

Holnstein, Bayern

Och am Bundesland Bayern koum et en Donneschdenowend zu op d’mannst engem Tornado-Verdachtsfall. Hei huet sech eng Donnerwiederlinn forméiert (Fach: QLCS), an déi e puer kleng Superzellen mat agelagert waren. An der Regioun ronderëm Holnstein goufen Diecher beschiedegt a Beem entwuerzelt.

Schirmitz, Bayern

Och vun dëser Donnerwiederlinn betraff war Schirmitz. Och hei goufe Beem entwuerzelt an Haiser beschiedegt.