Um Freiden: Groussflächege Schnéifall ze erwaarden

Um Freiden zitt aus Westen eng Front eran, déi eis groussflächege Schnéifall brénge wäert.

Den déiwe Loftdrock hält weider un, dat och muer um Freiden. En Déifdrockgebitt zitt mat sengem Kär iwwert de BeNeLux-Raum, wouduerch fiicht mee och kill Loftmassen hire Wee bei eis op Lëtzebuerg fannen. D’Nidderschléi, déi am Beräich vun dësem Déif erofkomme, falen also zimmlech oft als Schnéireen an och Schnéifall.

De Verlaf

D’Front mam Schnéifall soll dem Gros vun de Wiedermodeller no an der Nuecht op de Freiden tëscht 03 a 05 Auer bei eis ukommen a breet sech vu West no Ost aus. Kuerz ier d’Front ukënnt, gëtt et eng minimal Erwiermung, wat virun allem am Süden eng Roll spille kann – an zur Konsequenz huet, dass et op ville Plaze fir d’éischt méi reene kann wéi schneien. An de Minutten a Stonnen drop gi mat erëm méi nidderëgen Temperaturen d’Chancen op Schnéischaueren ëmmer méi grouss. Am Norde vum Land wäert et am einfachste ginn, dass et quasi direkt zu pure Schnéischauere kënnt, besonnesch erëm op de Koppen déi op 450 Meter an driwwer leien.

Am Laf vum fréie Freidemoie fält d’Schnéifallgrenz bis bal ganz erof, et sollt also schonn op de meeschte Plazen am Land fir Schnéi duergoen. D’Dauer vum Schnéifall gëtt awer ënnerschiddlech gerechent, wat natierlech eng Auswierkung op déi méiglech Schnéiquantitéiten huet. Iwwerdeems den däitschen ICON där Meenung ass, dass et am fréie Nomëtte schonn méi dréche gëtt, rechent den europäeschen ECMWF weiderhi mat Schnéischauere bis an de spéiden Owend eran. Den amerikanesche GFS an och de franséischen ARPEGE sinn änlecher Meenung, soudass ee wuel bis an de spéidere Verlaf vum Freide mat Schnéischauere rechne muss.


Sou zitt d’Schnéifront um Samsden (ECMWF) | Animatioun: wxcharts.com

Well d’Temperaturen am Dag op tëscht 1 an 3 Grad klammen, am Süde lokal bis op 4 Grad, kann een ongeféier deen Zäitpunkt agrenzen, an deem de Schnéi leie bleiwe kann – och am Süden op den déiwe Plazen. An zwar sollt dat tëscht dem Freidemoien 02 Auer sinn bis ronderemt 12 Auer um Freidemëtten. Duerno gëtt et méi mëll, soudass virun allem am Süden alles dat wat gefall ass séier ufänke sollt ze verschwannen. Och am Norde kéint d’Schnéicouche net wierklech gutt weiderwuesse, well mir och do iwwert dem Gefréierpunkt ënnerwee sinn. Virum Abroch vun der Nuecht ginn et och eenzel Géigenden am Norde wou d’Temperaturen op 3 Grad klamme kënnen.

D’Quantitéiten – wéi vill Schnéi kann erofkommen?

Wann ee vun de Peak-Zäiten ausgeet, dann ass den amerikanesche Wiedermodell GFS mat tëscht 3 a 6 cm uechter d’Land dobäi, den europäeschen ECMWF mat 4 bis 10 cm, den däitschen ICON mat 2 bis 6 cm an de franséischen ARPEGE mat 3 bis 9 cm. An der Moyenne wieren dat dann tëscht 3 a 7,75 cm, déi een am Land verdeelt ze erwaarden hätt. Wann een et probéiert anzedeelen, da kënnt een am Süden inkl. de méi nidderëge Plaze bei 1 bis 3 cm eraus, mat Chance eventuell 4 cm. Am Norde kann ee wuel vun tëscht 4 bis 8 cm ausgoen, op den héchste Koppe vum Land sinn och bis ëm 10 cm net onméiglech. Bedenke muss een awer, dass vum Nomëtten un ebe, wéi gesot, d’Temperature klammen an een doduerch schonn no kuerzer Zäit eppes ofrechne kann.