Um Méinden: Den éischte meteorologesche Summerdag vum Joer 2022

Haut um Méinden sinn d’Temperature fir déi éischt Kéier dëst Joer op iwwer 25 Grad geklommen.

27,1 Grad als Maximum

Déi wäermst Plaz war haut net nëmmen d’Muselgéigend, mee och am Norden op 520 Meter ass et fir Summertemperaturen duergaangen. Un der ASTA-Wiederstatioun zu Eschduerf ass e Maximum vun 27,1 Grad gemooss ginn, dat den Owend géint 17 Auer.

Déi zweet Plaz deele sech d’ASTA-Statioun zu Gréiwemaacher a Beetebuerg, do si jeeweils 26,6 Grad gemooss ginn, hannendru kënnt d’ASTA-Statioun vu Réimech mat 26,0 Grad.

Soubal d’Temperatur op mannst bei 25 Grad läit, gëtt vun engem meteorologesche Summerdag geschwat. Hei sollt awer och betount ginn, dass dëst just fir Statioune gëlt, déi tatsächlech der meteorologescher Norm no moossen.

D’Aussiichten

Muer um Dënschden ass mat 23 bis 26 Grad ze rechnen, um Mëttwoch si mir bei 24 bis 28 Grad ënnerwee. Tëscht dem Donneschden an dem Samsden si nach 18 an 23 Grad ze erwaarden, ier et an der nächster Woch nach e gutt Stéck méi waarm kéint ginn. Météo Boulaide hält Iech um Lafenden.