Um Méinden: Neit Déif suergt fir Risk vu kräftegen Donnerwieder

D’Onwieder iwwer Mëtteleuropa sinn esou just aus de Norichte verschwonn a schonn steet dat nächst Donnerwiederdéif virun der Dier.

Neit Donnerwiederdéif

Vum westleche Mëttelfrankräich hier beweegt sech vum fréie Méindemoien un en Déifdrockgebitt mat sengem Kär a Richtung BeNeLux. Vum fréie Mëtten un passéiert dëst Déifdrockgebitt eis just knapp westlech a verzitt sech bis an d’Nuecht op den Dënschden eran a Richtung Nordséi.


D’Situatioun um Méindemëtten, berechent vum ICON-Modell | Grafik: wxcharts.com

Dëst Déif suergt op e Neits dofir, dass fiichtwaarm Loftmassen, an domat donnerwiederträchteg Loftmassen, an eis Géigende gedroe ginn. D’Intensitéit vum Déif ass zwar ausdrécklech net esou markant wéi vun deem vum leschte Freiden, allerdéngs kann et punktuell trotzdem zu méi zolitten Zenarie kommen. Iwwerdeems a Richtung BeNeLux de Risk vun zolittem Staarkreen am héchsten ass, besteet besonnesch am Nordoste vu Frankräich, Baden Württemberg an och Bayern erëm de Risk vu gréissere Knëppelsteng an zolitt Wandstéiss duerch ë.a. superzellulär Entwécklungen. Den Tornadorisk ass och dës Kéier erëm mat dobäi, mee och manner héich wéi um Freiden.

Ongeféieren zäitlechen Oflaf

D’Wiedermodeller si sech zwar nach net ganz ënnerteneen eenz, mee et molt sech awer e bestëmmt Bild of. Der Moyenne vun de Berechnunge no besteet an eise Géigende vum spéidere Virmëtten/fréie Mëtten un de Risk vun Donnerwieder mat Staarkreen an zitt sech bis an den Owend eran. Wéi ëmmer gëlt: et trëfft nach laang net jiddereen. Ënnert de kräftegsten Zellen kann et awer mol duerchaus sinn, dass tëscht 20 a 40 l/m² a net all ze laanger Zäit vum Himmel kënne kommen, wat de Risk vun Iwwerschwemmungen och erhéicht. Ënnersträichen deet dëst d’Zuchgeschwindegkeet vun den Zellen, well dës wäert manner séier sinn wéi aus de leschten Deeg.

Fazit fir Lëtzebuerg also: et besteet de Risk vu kräftegen Donnerwieder, déi virun allem a Saache Staarkreen onwiederaarteg ausfale kënnen. Niewebäi, an dat hänkt ganz vun der spontaner Entwécklung of, ass natierlech och de Risk vu Knëppelsteng a Stuermstéiss present.

Duerch eng besser Iwwerschneidung vun de Parameter besteet virun allem iwwer Baden Württemberg a Bayern de Risk vu gréissere Knëppelsteng a Stuermstéiss duerch Superzellen a potenziellen Bow Echo-méissege Segmenter an de Modellkaarten. Den Tornado-Risk ass dohier och erëm liicht erhéicht, woubäi een awer och soe muss, dass en bei eis zu Lëtzebuerg definitiv net 0 ass.

Sou géint 19/20 Auer un sollt sech de Berechnunge no de Risk zu Lëtzebuerg leeën, an Däitschland zitt e sech nach an déi fréi zweet Hallschent vun der Nuecht op den Dënschden eran.