Gëschter Owend gouf vun engem bestëmmte Wiedermodell en hallwe Meter Schnéi fir Chrëschtdag berechent. Wéi warscheinlech ass dat, a kann een esou Berechnungen iwwerhaapt eescht huelen?
Advertisement
Advertisement
Déi Saach mat de Schnéiprognose fir Chrëschtdag
All Joers iwwerschloe sech d'Iwwerschrëften iwwer méigleche Schnéi u Chrëschtdag, besonnesch an de Bild-ugehauchten däitsche Medien kënnen doduerch gäre mol iwwerdriwwen Iwwerschrëften opdauchen, déi meeschtens just vun engem eenzege Wiedermodell ausginn. Fir eng serieux Prognos fir Chrëschtdag ze woen, muss ee sech awer e puer Modeller ukucken amplaz just een.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS hat viru genee 24 Stonnen eng uerdentlech Hausnummer u Schnéi erausgeboxt: Berechent goufen bis zu 50 Zentimeter fir den äusserste Nordweste vum Land an och déi belsch Äifel. Fir de Rescht vum Land wiere mir gréisstendeels bei tëscht 5 an 20 Zentimeter Schnéi ënnerwee gewiescht. Dëst si Quantitéiten, déi net nëmme fir Chrëschtdag immens speziell wieren, mee generell fir e lëtzebuergesche Wanter extrem wieren. Déi lescht Kéier, wou mir zu Lëtzebuerg en hallwe Meter Schnéi haten, war tëscht dem 16. an dem 25. Dezember 2010.
Heescht dat elo, dass mir vill Schnéi u Chrëschtdag wäerten hunn?
Et si nach 12 Deeg bis Hellegowend, a bis dohi ka nach immens vill mat de Modellkaarte geschéien. Schonn nëmmen e puer Stonnen nodeems den amerikanesche Modell déi extreem Schnéiquantitéite berechent hat, hate se sech schonn erëm a Loft opgeléist. Vun de 50 Zentimeter ass meeschtens tëscht näischt bis hin zu 6 Zentimeter iwwereg bliwwen. Och déi lescht Modell-Leef wëlle guer näischt méi vun engem hallwe Meter Schnéi wëssen.
Fir d'Fro ze beäntferten: Mir musse fir d'éischt mol erausfannen, ob mir iwwerhaapt eng realistesch Chance fir Schnéi u Chrëschtdag hunn. Eréischt wann dat méi oder manner kloer ass, kann ee sech mat de Schnéiquantitéite beschäftegen. Fir eng Iddi ze kréien, wéi et sech ronderëmt Chrëschtdag kéint entwécklen, kënnt Dir Iech dësen Artikel ukucken.
D'Kuerzfaassung: D'Modeller kommen ëmmer erëm mat der Iddi, dass sech genee fir Chrëschtdag wanterlech Loftmasse bei eis duerchsetzen. Well dat elo schonn esou oft berechent gouf, kann een dovun ausgoen, dass et definitiv keen onméiglechen Zenario ass. Wann se kommen, da mussen se awer och fiicht genuch sinn, fir dass et dann och zu Schnéifall kënnt. Fir e méi geneeën Input ze kréie, musse mir nach e puer Deeg ofwaarde, bis och aner Modeller bis Chrëschtdag kënne rechnen. Eréischt dann kann ee méi konkret ginn.