Update a Saache Stuerm: Et geet mat vill Beweegung virun

Dass et an de nächsten Deeg lefteg virugeet, dat wësse mir. De Freidenowend an och de Méinde stiechen awer besonnesch eraus, Stierm mat deels schwéiere Stuermstéiss si méiglech.

Advertisement

Westwiederlag bréngt ëmmer erëm Déifdrockgebitter

Iwwer Mëtteleuropa läit de Moment eng Déifdrock-Strooss, déi esou séier net a sech zesummefale wäert. Just e Samsden iwwer gëtt et e kuerze Moment, wou mir ënner liichten Héichdrockafloss geroden. E Sonnden ass dat awer schonn erëm eriwwer a mir geroden op e Neits ënner Déifdrockafloss.

De Verlaf

Haut um Donneschden hu mir et schonn mat engem spierbare Wand ze dinn, zäitweis si Spëtzte bis 65 km/h net ausgeschloss. Méi markant soll et de Modellrechnunge no awer muer um Freide ginn, besonnesch vum Nomëtten/Owend un. Well et sech ëmt e Randdéif handelt, falen d’Berechnunge vun den eenzelne Modeller ëmmer nach mat gréisseren Ënnerscheeder aus, an awer sollten d’Wandvitessen tëscht dem Freidenomëtten a Freidenowend tëscht 60 a 75 km/h anzegrenze sinn – op exponéierte Plaze si verschiddene Modeller no och mol Vitesse bis ëm 80 km/h net ausgeschloss.


D’Wandvitessen dem europäesche Modell no fir de Freidenowend | Grafik: wxcharts.com

E Samsde setzt jo dann erëm héije Loftdrock an, deen sech e Sonnde schonn erëm verzitt. De Wand gëtt erëm méi spierbar, sollt awer mat Maximalvitesse vun ëm 65 km/h net Stuermstäerkt erreechen.

Interessant gëtt erëm de Méinden: Den europäesche Modell ECMWF rechent besonnesch vum spéidere Nomëtten u mat Stuermstéiss vun tëscht 75 a 95 km/h, wat schwéiere Stuermstéiss entsprécht.


D’Wandvitessen dem europäesche Modell no fir de Méindenowend | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell GFS gesäit schonn fir méi fréi am Dag, tëscht dem fréie Moien an dem fréie Nomëtte, Vitesse vun tëscht 65 an 80 km/h op eis duerkommen. Den däitschen ICON orientéiert sech zäitlech méi um europäesche Modell, vun der Intensitéit hier gëtt en awer dem amerikanesche Modell d’Hand.