
Wéi gëschter gesot, besteet muer um Dënschden de Risk vun eenzelnen Donnerwieder an eise Géigenden. Intensitéite wéi am Summer soll ee sech awer net erwaarden.
Advertisement
D’Situatioun
En Dënschde läit en Déif iwwert dem westleche Frankräich, wat eis a Richtung Mëtten eng Kalfront op Lëtzebuerg dréckt. Un dëser Kalfront gi Schaueren an Donnerwieder ausgeléist, déi sech am Laf vum Dag weider iwwer Mëttel-/a Westeuropa breetmaache. Just punktuell kéinten do mol méi markant Entwécklungen dobäi sinn, an awer sinn et bei wäitem nach net d’Intensitéite, wéi een se aus dem Summer kennt.

Schonn fir den Dënschdemoie fréi rechne verschidde Modeller, dass eis e puer virleefeg Nidderschléi aus Frankräich erreechen. Méi “interessant” gëtt et vum spéidere Virmëtten un, well sech dann e Segment mat eenzelnen, agelagerten Donnerwieder kann iwwert eis Groussregioun ewechbeweegen. Zwar wäert net jiddereen eppes dovu matkréien, mee direkt ënnert den Zelle kann et zu punktuellem Staarkreen kommen. Wandstéiss tëscht 40 a 60 km/h si méiglech. Wärend dem Nomëtte selwer soll sech eng kuerz méi roueg Phas weisen, ier et dann am Laf vum Owend op e Neits aus Frankräich hier zu Nidderschléi ka kommen. Eenzel Modeller deiten op e Neits agelagert Donnerwiederzellen un – ob dës iwwerhaapt entstinn, muss ofgewaart ginn.
D’Haaptgeschéie spillt sech iwwert dem Nordweste vun Däitschland of, well hei déi meescht potenziell zur Verfügung stoend Energie (CAPE) läit. Ënnert dëse kann de Staarkreen och mol warnrelevant ausfalen, Wandstéiss bis ëm 75 km/h si net ausgeschloss.