Update: An de nächste Stonne lokal wanterlech mat Flacken

An dëser Nuecht passéiert eis eng Kalfront, duerch déi et plazeweis erëm kuerz eng Nummer méi wanterlech wäert ginn. Dëst ass een Update.

Wanterlecht Wieder op de Koppen am Warscheinlechsten

Zwar klëmmt d’Warscheinlechkeet vu wanterlechem Wieder mam Passage vun der ugekënnegter Kalfront an der Nuecht op de Samsden un, mee dat awer nach laang net iwwerall. Am warscheinlechste Betraff sinn déi héchst Koppe vum Land, op Héichte vun ëm 490 Meter an och driwwer. Alles wat drënner läit kritt et éischter mat Reen oder héchstens mat Schnéireen ze dinn. Glat Stroosse kënne lokal awer trotzdem mol virkommen.

Den Oflaf

D’Wiedermodeller rechne mëttlerweil zimmlech eenheetlech domat, dass d’Kalfront géint Mëtternuecht méi oder manner genee iwwert eise Käpp leie soll. Meeschtens kënnt et dobäi zu Reen, a Richtung Norde geet d’Warscheinlechkeet vu Schnéireen an och Flacke, wéi gesot, an d’Luucht. Wärend dem Passage vun der Front gëtt et eng Nummer méi lefteg, an de Spëtzte si Vitesse vun tëscht 50 a 65 km/h net ausgeschloss. Bis an de fréie Samsdenomëtte bleiwen déi kill Loftmasse nach bei eis, iwwerdeems kann et och nach ëmmer erëm zu eenzelne Schauere kommen. Am Gros vum Land kéimen dës a Form vu Reen erof, op de Koppe kënnen ëmmer nach eenzel Flacke net ausgeschloss ginn. Wichteg ass awer ze erwäänen: dëst ass kee Wanterabroch, mee méi e kuerze wanterlechen Intermezzo.


De Passage vun der Kalfront unhand vun der Loftmassekaart (850 hpa) duergestallt | Grafik: wxcharts.com

D’Schnéihéichten

Wéi schonn ugedeit, sollt ee sech vun dëser kuerzer liicht méi wanterlecher Phas net all ze vill erwaarden. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent grad emol mat Quantitéite vun tëscht 0,2 an héchstens 1 cm op den héchste Koppe vum Land, also op Plazen déi op iwwer 500 Meter leien. Den europäesche Modell ECMWF gesäit dëst änlech an ass mat lokal bis zu 2 cm dobäi – dëst ass awer direkt hannert de Grenzen zu der Belsch an Däitschland méi warscheinlech. Dem däitschen ICON no soll iwwerhaapt näischt leie bleiwen, och de franséischen ARPEGE gesäit kaum eppes an eise Géigenden – e berechent héchstens ëm 0,5 cm laanscht den äusserste Norden a Nordwesten.

Fazit

An der Nuecht op de Samsde passéiert eis eng Kalfront, duerch déi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gezu kommen. Doduerch falen d’Temperaturen op tëscht 1 a 5 Grad – wat méi wäit am Norde wat méi kill. Lokal begrenzt sinn och Wäerter vu 0 Grad net ausgeschloss. Op den héchste Koppe vum Land kann et zu Flacke kommen, soss ass et meeschtens Schnéireen a Reen. Egal wat erofkënnt, de Risk vu glate Stroossen zitt sech ongeféier bis an d’Mëtt vum Land – dat duerch Nätzt, déi fréiert. E Wanterabroch ass dëst net, mee lokal ee kuerze wanterlechen Intermezzo. An der neier Woch klammen d’Temperaturen op bis zu 20 Grad an driwwer.