UPDATE: De Fuerplang duerch den Dauerreen

Bei eis geet haut eng markant Wiederlag un, déi Lëtzebuerg esou net all ze oft gesäit.

Héichtendéif fir Iwwerschwemmungsrisk verantwortlech

En Héichtendéif wäert sech an Zäit vun de nächste Stonnen an Deeg iwwer Mëtteleuropa akréngelen. Dëst Déif wäert méi oder manner genee iwwer Däitschland leie bleiwen an esou op ville Plazen fir deels zolitten Dauerreen suergen. Besonnesch am Fokus: de Nordweste vun Däitschland laanscht de Weste bis an de Südwesten eran, desweideren Deeler vum nordëstleche Frankräich, Deeler vun der Schwäiz an de BeNeLux-Raum. D’Risikogebitt ass also gewosst a gëtt och vun de meeschte Modeller d’selwecht berechent – d’Verdeelung vum Reen an dësem Gebitt selwer kënnt awer deels mat gréisseren Ënnerscheeder dohier.


Esou kréngelt sech d’Déifdrockgebitt iwwer Däitschland an | Animatioun: wxcharts.com

Verlaf Dënschden, 13. Juli 2021

Um Dënschde wäert et am Verlaf vum Dag ëmmer méi naass ginn. Wat et méi spéit gëtt, wat och d’Warscheinlechkeet vu méi staarkem Reen an d’Luucht geet. Bei viraussiichtleche Maximaltemperature vun tëscht 17 an 20 Grad solle bis Mëtternuecht tëscht 20 a 45 l/m² Reen falen – punktuell kann awer natierlech och bësse manner dobäi sinn. Den ECMWF huet beispillsweis eng Léisung dran, déi “grad emol” ëm 15 l/m² fir de Südweste vum Land weist. An der Nuecht op de Mëttwoch reent et virun.

Verlaf Mëttwoch, 14. Juli 2021

De Mëttwoch soll en immens ongemittlechen Dag ginn, un deem dem amerikanesche Modell GFS no tëscht 30 a 60 l/m² Reen erofkomme sollen. Den europäeschen ECMWF ass mat nach eng Kéier 20 bis 40 l/m² dobäi. Den däitschen ICON rechent mat 30 bis 60 l/m², wat esou änlech och vum franséischen ARPEGE ënnerstrach gëtt. Um Mëttwoch wäert net nëmmen de Reen eng Roll spillen, mee méiglecherweis och de Wand. D’Modeller rechne vum spéidere Nomëtten u mat Spëtzte vun tëscht 40 a 75 km/h. De Buedem ass opgeweecht, soudass e puer Beem méi liicht hier Haltung verléieren an ëmfale kënnen.

Verlaf Donneschden, 15. Juli 2021

Um Donneschde selwer kënnt d’Onwiederlag esou lues op en Enn. Dem GFS no fale nach eng Kéier tëscht 5 an 10 l/m², den ECMWF ass mat punktuell nach eng Kéier 20 l/m² dobäi. Op alle Fall kann een awer soen, dass de Reen am Laf vum Donneschden ëmmer méi schwaach gëtt. Vum Freiden un hu mir d’Onwiederlag hannert eis.

Fazit Reequantitéiten

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis den Donneschden inclus mat Reequantitéite vun tëscht 70 an 100 l/m², dat mam Schwéierpunkt laanscht den äusserste Nordwesten. Den ECMWF berechent tëscht 60 a knapp 90 l/m² an huet jeeweils e Schwéierpunkt laanscht den äusserste Norden an nach eng Kéier am äussersten Oste vum Land. Nodeems den däitschen ICON immens zréckhalend war, ass och dësen elo der Meenung, dass tëscht 75 an deels 110 l/m² erofkomme sollen – Schwéierpunkt Osten. De franséischen ARPEGE ass mat änlechen Zommen an och enger änlecher Verdeelung dobäi.


D’Verdeelung vun de Nidderschlagsquantitéiten dem amerikanesche GFS-Modell no | Grafik: wxcharts.com

De Risk vun Iwwerschwemmungen ass op alle Fall do, an och vu nofolgendem Héichwaasser. Dowéinst hei nach eng Kéier den Opruff: huelt Äer Wäertsaachen aus dem Keller eraus – einfach fir op der gewonnener Säit ze sinn, egal wéi staark Äer Géigend wäert betraff sinn.