Update: De Glëtz kënnt! Bis muer de Moie gëtt et duerch spigelglat Stroosse geféierlech

Wéi versprach, hei den drëtten an definitiven Update zur der Prognos fir de Glëtz, deen eis vum spéideren Owend un an d'Haus steet. Plazeweis muss mat spigelglate Stroosse gerechent ginn. Zu Fouss an och mam Auto besteet also eng gréisser Gefor.

Resumé: Wat geschitt?

Zanter dem Donneschden ass gewosst, dass fir haut den Owend eng Gefor duerch Glëtz besteet. Hei nach eng Kéier kuerz, wéi a firwat et zu dëser Wiederlag kënnt. Den Détail fannt Dir am leschten Update ënnert dësem Link.

Vu muer un steet eis e grousse Wiederchangement un: Et gëtt séier méi waarm a generell huet déi ganz nächst Woch och näischt grousses méi mat Wanterwieder ze dinn. Dësen Iwwergang erwaart eis vum spéideren Owend un, eng Waarmfront dréckt sech iwwert déi äiskal a gefruer Loft um Buedem. De Reen, deen duerch dës Waarmfront erofkënnt, setzt sech um Buedem of a gefréiert zu Äis. Et wäert also mat grousser Sécherheet spigelglat Stroossenofschnëtter ginn. Passt also immens gutt op, wa Dir vum Owend un ënnerwee sitt.

Den Oflaf

De geneeën Ufanks- esouwéi Schlussmoment vun der Geforelag ka net genee definéiert ginn. Fest steet awer, dass dem Gros vun de Modeller no tëscht den Owend 21:00 Auer bis muer de Moie 06 Auer d’Gefor vu Glëtz besteet, deen eis Stroossen a richteg Äisbunne verwandele kann – op mannst mol plazeweis. De Buedem ass déifgefruer, an dat esouguer bis a gutt 10 bis 20 cm Déift. Et geet also esouguer schonn Fisemreen duer, fir dass et immens glat gëtt. Och u Géigestänn ka sech kuerzzäiteg eng Schicht aus Äis ofsetzen.

Vu Plaz zu Plaz ënnerschiddlech Zäitfënstere méiglech

Wéi gëschter schonn beschwat, besteet de Risk iwwerall, mee et ka vu Plaz zu Plaz ënnerschiddlech laang undaueren an och déi generell Zäitspaan ka vu Plaz zu Plaz variiéieren. Wat awer gewosst ass, dass sech dat meescht, egal wou, tëscht dem definéierten Zäitraum vun tëscht den Owend 21h a muer de Moie fréi 06 Auer ofspille soll. Dat heescht natierlech och, dass et net ausgeschloss ass, dass den een oder aneren Automobilist muer de Moie fréi am Beruffsverkéier nach eppes dovu mierkt.


D’Warnung bis muer de Moien | Méi Hiweiser & Warnungen ënner alert.meteoboulaide.com

No 5/6 Auer sollt d’Gefor awer ofhuelen. Fir de Méinde selwer ass mat Temperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze rechnen, et geet dann also alles anescht wéi wanterlech virun.

Lokal gréisser Couche Äis méiglech

Et gi Modeller, déi wärend dem Passage vun der Waarmfront Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 2 a 4 l/m² berechnen. Dat kléngt net no vill – mir wëssen awer, dass sech duerch déi ugeschwate Konditiounen de Reen um Buedem festsetze wäert. Sollt et also zu dëse Quantitéite kommen ier sech de Buedem iwwerhaapt op iwwert de Gefréierpunkt erwierme kann, kann et wuel Punkte ginn wou och eng gréisser Couche aus Äis entsteet. Gutt ze erkenne wier dat u Géigestänn wéi z.B Autoen, déi dobausse stinn. Dës Quantitéite gi besonnesch fir d’Nordspëtzt berechent.

Fir de Rescht ass vu geréngem Nidderschlag bis hin zu 1 bis 2 l/m² ze schwätzen. Wéi gesot géif awer schonn Fisemreen duergoen, dass et richteg glat gëtt.