UPDATE: De Mëttwoch gëtt et nach e Stéck méi naass

De Mëttwoch markéiert de naassten Dag vun der aktueller Dauerreen-Phas.

Dauerreen setzt sech fort

En Héichtendéif läit mat sengem Kär iwwert dem zentralen Däitschland a schéckt ëmmer erëm deels méi zolitte Reen an de Nordwesten, Westen an och deels de Südweste vun Däitschland. Zousätzlech betraff ass de Nordoste vu Frankräich mee och de BeNeLux-Beräich – an domat och Lëtzebuerg. Den Dag vun haut wäert viraussiichtlech eng grouss Nummer méi naass ausfale wéi dee vu gëschter. Wéi vill genee bei eis zu Lëtzebuerg erofkomme soll, gëtt vun de Modeller ëmmer nach mat gréisseren Ënnerscheeder berechent.

Op alle Fall schéngt sech ee besonnesche Schwéierpunkt erauszekristalliséieren: Deeler vu Nordrhein Westfalen bis an d’Äifel eran. Eenzel Modeller rechnen do innerhalb vun de kommende 24 Stonne mat bis zu 200 l/m² a liicht driwwer. Et riskéiert also, wann et ganz blöd kënnt, iergendwou am genannte Gebitt katastrophal ze ginn.
Dëst sinn d’Reequantitéite fir Lëtzebuerg bis de Freidemoie Mëtternuecht:

  • GFS: 50 bis 80 l/m²
  • ECMWF: 48 bis 80 l/m²
  • ICON: 46 bis 75 l/m²
  • ARPEGE: 43 bis 75 l/m²
  • Et ginn awer och nach méi zolitt Berechnunge, wéi z.B déi vum franséischen AROME mat bis zu 110 l/m² laanscht den äussersten Oste vum Land. Den ICON-D2 rechent an enger Sträif vu Nidderkuer bis erop op Wallenduerf mat tëscht 60 a 95 l/m². Haut steet also op alle Fall en immens interessanten Dag un. Et gëlt ëmmer nach: plazeweis besteet de Risk vun Iwwerschwemmungen an Héichwaasser. Huelt Är Precautiounen.