Update: De neiste Modell-Stand zur d’Donnerwieder-Serie iwwer Mëtteleuropa

Iwwert dem nërdleche Frankräich huet déi ugekënnegt Donnerwieder-Serie ugefaangen a wäert bis en Donneschden unhalen – och zu Lëtzebuerg geet de Risk, vun dësen Donnerwieder eppes ofzekréien, an d’Luucht. Dëst ass en Update.

Advertisement

Modeller nëmme lues a Richtung Kloerheet

Bei Donnerwiederlagen ass et normal, dass d’Wiedermodeller sech net onbedingt direkt eenz sinn – dës Kéier weist sech d’Situatioun awer als besonnesch zéi, wat eng genee Prognos natierlech méi schwiereg mécht. Trotz allem schéngt sech awer en ongeféiert Bild ofzezeechnen, wéi eng Géigenden zu wéi engen Deeg mat der gréisser Gefor vu potenziell onwiederaartegen Donnerwieder ze dinn hunn.

Sonndenowend

De Moment (Sonnden, 18.06.2023 – 16:01) ass sech amgaangen eng Donnerwiederlinn vum westleche Frankräich a Richtung Mëtt virunzebeweegen. Och iwwert dem zentrale Frankräich ass ze erwaarden, dass sech an den Owesstonne weider Donnerwieder forméieren, déi och mol méi kräfteg kënnen ausfalen. Am Donnerwieder-Outlook vun haut si mir méi genee drop agaangen. Et gi Modeller déi net ausschléissen, dass eis nach haut um spéideren Owend Iwwerreschter vun dësen Donnerwieder kéinten erreechen. Sollt dëst geschéien, da wier haaptsächlech mat Staarkreen a vereenzelte Stuermstéiss ze rechnen. Well et awer och genee sou vill Modeller ginn, déi dogéint wetten, ass déi ganz Saach als net besonnesch warscheinlech anzestuufen.


Déi simuléiert Situatioun fir de Sonndenowend laut ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Méinden, 19. Juni 2023

E Méinden entstinn op e Neits Donnerwieder iwwert dem mëttlere Frankräich – jee no Modell ass och d’Formatioun vun engem richtegen Donnerwiedersystem méiglech, deen am Laf vum Dag ëmmer méi a Richtung BeNeLux gezu kënnt. Geet et dem Kachelmann Super-HD-Modell no (06z Laf), da géif eis dësen nach um spéideren Owend erreechen. Och den europäeschen ECMWF gëtt Signaler dofir, déi vum amerikanesche GFS dogéint awer net esou kloer ugewise ginn. Héichopléisende Modeller wéi z.B dem AROME no ass dës Situatioun muer awer däitlech méi warscheinlech wéi haut, wat de Grond ass, firwat een muer den Owend d’Situatioun e bësse méi genee sollt am Aen halen.

Kënnt e Wieder, da wier mat Stuermstéiss, Knëppelsteng an och virun allem zolittem Reen ze rechnen.


Déi simuléiert Situatioun fir de Méinden laut ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Dënschden, 20. Juni 2023

Den Dënschden hat an eisem Update vu gëschter nach no dem Dag mam gréissten Donnerwieder-Risk ausgesinn. Stand aktuell besteet dësen erhéichte Risk zwar ëmmer nach, mee den Dag ass net méi den eenzegen – méi dozou méi spéit. De Modellrechnunge no forméiere sech am Nomëtten déi éischt Donnerwieder iwwert dem mëttleren a nërdleche Frankräich, déi dann a Richtung BeNeLux esouwéi och Nordwestdäitschland (Nordrhein-Westfalen) virunzéien. Den europäeschen ECMWF berechent virun allem knapp nërdlech vu Lëtzebuerg eng markant Donnerwiederlinn, déi an de Nordweste vun Däitschland eranzéie soll. D’Haaptgefor dobäi wiere Stuermstéiss, méiglecherweis esouguer mat Orkanstäerkt. Och den däitschen ICON gesäit e gréissere System, deen nëmme ganz knapp nërdlech un eis soll laanschtgoen.

An den Owesstonne kéint eng weider Donnerwiederlinn an de Südwesten a Süde vun Däitschland eranzéien.

Den Dënschde kristalliséiert sech also esou lues als e potenziell geféierlechen Dag eraus, bei dem Stand aktuell awer d’Chance géif bestoen, dass dat Schlëmmst ganz knapp un eis kéint laanschtzéien.


Déi simuléiert Situatioun fir den Dënschden laut ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Mëttwoch & Donneschden, 21. & 22. Juni 2023

De Mëttwoch schéngt de Risk erëm e Stéck an de Süden ze rëtschen. Am Fokus wier d’Südhallschent vun Däitschland, mee awer och Deeler vum südleche BeNeLux. Dagsiwwer besteet de Risk vu vereenzelten Donnerwieder, déi sech virun allem iwwert dem Süde vun Däitschland zu engem gréissere System kéinten zesummendinn.

Domat wier et awer nach net eriwwer: Um spéideren Owend entstinn iwwert dem mëttlere Frankräich weider Donnerwieder, déi zimmlech zolidd ausfale kënnen. Dës maache sech an der Nuecht op den Donneschden iwwer BeNeLux an dem Weste vun Däitschland breet a suerge virun allem fir kräftege Reen mat der Gefor vun Iwwerschwemmungen, Stuermstéiss a Knëppelsteng – esou mol den aktuelle (!) Stand. Et bleift ofzewaarden, wat déi nächst Modell-Leef aus der Situatioun maachen.

Den Donnerwiederrisk géif an eise Géigende nach bis an den Donneschdenowend era bestoen, ier eis erëm méi stabil Loftmassen erreechen. Nieft dem Dënschden ass dëst e weideren Dag, deen een méi genee misst am Aen halen.


Déi simuléiert Situatioun fir de Mëttwoch laut ECMWF | Grafik: wxcharts.com