Update: De Weekend iwwer LOKAL e bësse Schnéi net ausgeschloss

Schonn eng gutt Zäit laang geeschteren Iddien fir e puer Schnéischaueren fir de Weekend duerch eis Modellkaarten – a se sinn ëmmer nach do! Gëtt et nach eng Kéier wäiss? Zäit fir en Update.

Advertisement

Nom Stuerm de Schnéi?

Ech bleiwe bei menge Wierder: Erwaart Iech kee richtege Wanter-Comeback, mee deemno wéi sinn trotzdeem mol e puer vereenzelt Schnéireen- oder Schnéischauere mat dobäi – zumools op den héchste Koppen. De Grond dofir ass deen, dass eis de groussen Déifdrockkomplex nordwestlech vun Europa, deen eis iwweregens och den Owend de Stuerm schéckt, op senger Récksäit méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg bréngt. Doduerch ass et ebe méiglech, dass de Weekend iwwer net all d’Nidderschléi als Reen erofkommen.


De grobe Verlaf laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell wëll muer um spéideren Owend schonn vereenzelt Flacken op de Koppe net ausschléissen. Den europäeschen Modell zitt mat, an esouguer den däitsche Modell gesäit fir de fréie Samsdemoien d’Méiglechkeet fir eenzel Schnéischaueren. Eng weider Chance bréngt eis dann en Déif, wat e Samsdenowend mat sengem Kär iwwert der Nordséi läit. Wärend dem Owend bis an d’Nuecht era kann et dëse Modeller no op e Neits fir vereenzelt Flacken duergoen, an dat net nëmmen op de Koppen. Ob dat op de méi nidderege Plazen elo “pure” Schnéi ass oder just Schnéireen, dat musse mir ofwaarden.

E Sonnde kënnt e weidert Déif an d’Spill, wou zumools den amerikanesche Modell zimmlech optimistesch ass. E gesäit esouguer fir e puer Stonne méi kräftege Schnéifall, duerch deen och kuerz eppes kéint leie bleiwen. 2 bis 5 cm gi fir d’Koppe berechent, den europäeschen ass mat 1 bis 3 dobäi. Mee kommt mir waarde mol nach e puer Berechnungen of, ier mir e Punkt dohannert setzen.