Update: Déi momentan Tendenz fir Chrëschtdag. Wäiss oder net?

Am leschten Update vum 9. Dezember huet et definitiv net no wäisse Chrëschtdeeg ausgesinn. An Tëschenzäit sinn d'Chancen net null, mee et gehéiert awer och e ganze Batz Chance dozou. Firwat dat esou ass, hunn ech Iech an dësem Artikel zesummegefaasst.

Erwiermung muss mat Zäiten ënnerbrach ginn

D’Wiederlag fir déi nächst Deeg a Wochen ass immens variabel – virun allem well mir elo ëmmer méi ënnert e Westdrift geroden, wéi mir et am Artikel virdrun gesinn hunn. Dës Wiederlagen sinn an der Reegel net mat Loftmasse verbonnen déi kal genuch sinn, fir dass sech wanterlecht Wieder bei eis breetmaache kann. Alleng duerch d’Erwiermung déi eis vum Méinden un erwaart klammen d’Temperaturen am Dag esouwéi och an der Neucht iwwert de Gefréierpunkt eraus. Iwwerall do, wou et de Moment also e bësselche wäiss ass, gesäit et demnächst also erëm aus wéi am Hierscht.


Kuerz Ënnerbriechung vun de mëlle Loftmasse méiglech | Grafik: wxcharts.com

Gént Mëtt der Woch, also ronderëmt den 21. Dezember, gëtt dëse Schwall u méi waarme Loftmassen erëm ënnerbrach. D’Modeller ECMWF a GFS stëmmen där Iddi zou, et ass also als alles anescht wéi onwarscheinlech unzegesinn. Zur selwechter Zäit leet sech och den Jetstream iwwert eis, duerch deen och de Risk vu stiermesche Wiederlagen iwwer Westeuropa zouhëlt. An duerno gëtt et spannend.

Kritt sech d’Keelt nach zréckgekämpft?

Et gëtt eng ganz knapp Geschicht, well ouni kal Loftmasse gëtt et och näischt mat wäisse Chrëschtdeeg. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent elo am neisten Owes-Laf mat engem Stuermdéif iwwert der Ostséi, wat eis duerch d’Kombinatioun mat engem Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen erëm kal Loftmassen zouspille kéint. Geschitt dat, dann kéimen dës no Chrëschtdag bei eis un, nämlech ëmt de 26/27. Dezember. D’Schnéischauere ginn haaptsächlech fir de Norde vun Däitschland berechent a net fir Lëtzebuerg – mee: dës Eenzelheeten spillen absolut keng Roll. Soulaang mir eis am Mëttelfrist-Beräich beweegen, sollt ee sech op d’Grousswiederlag konzentréieren a net op d’Eenzelheeten. Fest steet also: den amerikanesche Modell ass der Meenung, dass et wuel ze waarm fir Hellegowend a Chrëschtdag wäert sinn, Stand 16.12.2022.


Anti-Wanter Situatioun am ECMWF ze erkennen | Grafik: wxcharts.com

Wat mécht den ECMWF? Dësen spillt bis de Mëttwoch genee dat mat, wat den amerikanesche Modell GFS och berechent. Den Ënnerscheed kënnt duerno: Den ECMWF gesäit fir de 26. Dezember keen Héich iwwert de britteschen Inselen, mee déiwe Loftdrock. Zur selwechter Zäit soll héije Logtdrock iwwert dem Mëttelmierraum & Europa leien, wat dozou féiert, dass däitlech ze waarm Loft op Lëtzebuerg duer gelenkt gëtt.

Fazit

Déi momentan Modeller tendéieren also erëm éischter a Richtung brong/gréng Chrëschtdeeg. An awer sollt een drun denken, dass sech ëmmer nach eppes un dësen Aussiichte kann änneren. Gëtt beispillsweis d’Berechnung vum GFS méi wäit westlech berechent, an den ECMWF zitt no, da kéint et nach ëmschloen. Trotz dëser klenger Warscheinlechkeet kann een awer soen, dass mir schonn immens vill Chance bréichten fir dass et klappt.