Update: D’Héichdrockphas kënnt, mee se ass net fir laang

Wéi gesot, gëtt dës Woch guer net mol esou ellen. An der zweeter Hallschent erwaart eis eng kuerz Phas, an där och d’Sonn mol realistesch Chancen kritt. Genéisst dat also!

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut um Dënschde leie mir mol nach gréisstendeels ënner Déifdrockafloss, ier sech dat vum Owend un ëmmer méi ännert. E Mëttwoch geet et mat dëser Ännerung virun, dohier kann een den Dag och als “Iwwergangsdag” bezeechnen.


Et ass gutt ze erkennen, wéi fir de Weekend déi méi kloer Flächen ëmmer méi verschwannen | Animatioun: wxcharts.com

Esou richteg duerchsetze sollt sech den héije Loftdrock eréischt vum Mëttwochowend un an zitt sech dann viraussiichtlech bis an de Freidenomëtten eran. Fir de Samsde gesinn déi meescht Modeller schonn erëm en Ëmschwong, deen eis besonnesch e Sonnden erëm Nidderschléi kéint bréngen. Mee weiderhi gëllt: Vill wäert dat net sinn.

De Verlaf

E Mëttwoch iwwer ass et nach net all ze sonneg, mir starte mol nach mat Wolleken a Niwwelfelder an den Dag eran. Et ass méi sou a Richtung Mëttes oder fréie Nomëtten, wou déi éischt Modeller reell Chancen op e puer sonneg Momenter op eis duerkomme gesinn. Vun do un gëtt et dann ëmmer besser, an der Nuecht op en Donneschde kéint et esouguer gutt opkläeren – d’Rechnung muss awer op alle Fall och mam Niwwel gemaach ginn!

Fir en Donneschde si sech d’Modeller quasi eenz, dass mir ganz ënner Héichdrockafloss stinn. Wa sech de Niwwel dann och nach opléist, da steet engem richteg frëndlechen a sonnegen Dag guer näischt méi am Wee. Dëst sollt dann mol dem aktuelle Stand no bis an de fréie Freidenomëtten eran undaueren, ier lues a lues schonn erëm méi Wolleken de Wee an d’Land fannen. Spéitstens e Samsde gëtt den Héichdrockafloss verdrängt, an da gëtt och erëm Plaz gemaach fir liicht méi naasst Wieder.

Wéi gesäit et mat den Temperaturen aus?

En Donneschde packe mir et op tëscht 9 an 12 Grad, fir e Freide ginn änlech Wäerter berechent. De Samsde wiere mir dem europäesche Modell no bei 12 bis 15 Grad ënnerwee, den amerikanesche Modell wier mat 10 bis 13 Grad e bësse méi zréckhalend ënnerwee. E Sonnde packe mir et op tëscht 4 a 9 Grad.