Update: Donnerwieder & minimalen Tornadorisk iwwer BeNeLux & Nopeschlänner

Och wann der Loftmass muer um Donneschde net all ze vill Energie zur Verfügung steet, suergt eng ausgepräägt Wandscherung fir de Risk vun deels kräftegen Donnerwieder. An der Groussregioun ass en Tornado net ausgeschloss.

Advertisement

D’Situatioun

Muer entwéckelt sech e Randdéif, wat mat immens héijer Vitesse vum Ärmelkanal aus a Richtung Norddäitschland/Dänemark zitt. Op sengem Wee dohin dréit et engersäits e Wand-/resp. Stuermfeld mat sech, anerersäits entstinn duerch säi Frontesystem kräfteg Schaueren an och Donnerwieder – an dat obwuel déi potenziell zur Verfüügung stoend Energie (CAPE) net all ze héich ass. Dohier gëtt eng Wiederlag wéi dës och nach “High Shear, Low Cape” genannt. Wat ass Shear? Domat ass déi sougenannt “Wandscherung” gemengt. Dës beschreift de Changement vun der Wandrichtung- & Vitesse mat der Héicht. Op den ënneschte Loftschichten ass se muer zimmlech markant, wat der Entstéiung vu Superzellen an och engem Tornado kéint an d’Kaarte spillen.


Wandscherung (Ännerung vu Vitesse & Richtung mat der Héicht) an enger Donnerwiederwollek | Grafik: Vanessa Ezekowitz, Wikimedia


Déi duerch d’Wandscherung ausgeléist horizontal Loftwalz gëtt duerch den Opwand an d’Vertikaalt gedréckt | Grafik: Vanessa Ezekowitz, Wikimedia

Ënnert den Donnerwieder kënne gären Stuermstéiss vun tëscht 75 a 85 km/h optrieden. Ënnert de kräftegsten Zelle kënne Vitesse vun tëscht 90 an 100 kmh net ausgeschloss ginn, mee dat sinn definitiv Ausnamen.

Wéini genee de Gros vun der Aktivitéit iwwer Lëtzebuerg ze erwaarden ass, ass net aus de Modeller erauszeliesen. Tendenziell sollt et iergendwou tëscht dem spéidere Virmëtten an dem Nomëtten de Fall sinn. Fir de spéidere Nomëtten an Owend sollt et also lues a lues zu enger allgemenger Besserung vum Wieder kommen.

Warscheinlechkeet ass minimal

Well dësen Artikel eventuell dem engen oder anere kéint Angscht maachen: Tornadoe gehéieren och zu eisem mëtteleuropäesche Wieder dozou. De Risk ass muer zwar minimal ugehuewen, mee vun engem héije Risk si mir wäit fort. Wann een d’Modeller esou matenee vergläicht, si se sech zimmlech eenz, dass de Risk am op der Grafik markéierte Beräich am héchsten ass:

Nach eng Kéier: Dëst heescht elo NET, dass Lëtzebuerg muer sécher een Tornado erlieft. Dëst ass einfach just e gutt gemengten Hiweis drop, dass de Risiko definitiv present ass – dat net nëmme bei eis, mee och an eise Nopëschlänner.

Suivéiert d’Situatioun an eisem SkyWatch

Mat eisem neie Warnsystem, SkyWatch, ass et eis méiglech, zellbaséiert Warnungen erauszeginn. Dat heescht, dass mir spezifesch Donnerwiederzellen kënne bewarnen an hir Gefore kënne verdäitlechen. Dir gesitt och, wou d’Zell hinzitt a wéi eng Géigenden an de nächste Minutte wäerte betraff sinn. Dëse System baséiert haaptsächlech op Radardonnéeën, mee och Dir kënnt dozou bäidroen: Wa Dir muer eppes interessantes sollt gesinn, da kënnt Dir dat roueg, am beschte mat Foto, Numm & Géigend, ënner hello@clearsky.lu eraschécken.