Update: Donnerwieder-Serie iwwer M-Europa ze erwaarden, wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Zanter enger gudder Woch hale mir schonn zesummen d’Potenzial fir Donnerwieder an Aen. Lues a lues konkretiséiert sech d’Situatioun fir déi nächst Woch, mee schonn e Sonndenowend besteet e klenge Risk.

Advertisement

Donnerwieder-Serie iwwer Mëtteleuropa

Schonn an de leschten Deeg huet et iwwer Deeler vu Frankräich méi kräfteg gekraacht, wat zu Iwwerschwemmunge geféiert hat. An de nächsten Deeg wäert sech iwwert dem Hexagon esouwéi awer och iwwer aneren Deeler vu Mëtteleuropa, dorënner BeNeLux an Däitschland, eng gréisser atmosphäresch Instabilitéit opbauen, duerch déi de Risk vu méi zolitten Donnerwieder an d’Luucht geet. Am leschten Update hate mir eis déi eenzel Modeller méi genee ugekuckt, an dësem Update hei kucke mir et awer esou kompakt wéi méiglech ze halen.

Den aktuelle Modell-Stand

Fir d’éischt ass ze soen, dass sech d’Modeller ënnerteneen ëmmer nach net ganz eenz sinn – an awer kristalliséiert sech ganz lues fir déi nächst Deeg déi eng oder aner Géigend eraus, an där et am warscheinelechsten zu Donnerwieder ka kommen.

Sonnden

Muer um Sonnden wäert en Donnerwiedersystem iwwer Frankräich entstoen, vum äusserste Süden bis an de Norden eran kënnt et zu enger ganzer Sträif an där et zu (gréissere) Knëppelsteng, mee virun allem schwéiere Stuermstéiss (>90 km/h) ka kommen. Dëse System zitt a Richtung Nordosten a soll dem engen oder anere Modell no um spéideren Owend och nach eis Géigenden erreechen. Mat wat fir enger Intensitéit dat geschéie wäert, oder ob iwwerhaapt, muss awer nach ofgewaart ginn. Sollt awer eppes ukommen, an et wier nach halbwegs “gesond”, da géif den Haaptrisk beim Wand leien.

Méinden

Interessant gëtt et awer eréischt vum Méinden un. Vum fréie Mëtten un forméiert sech op e Neits en Donnerwiedersystem iwwert dem westlechen Zentralfrankräich, deen sech am Laf vum Dag weider a Richtung Nordosten schafft. Et besteet de Risk vu gréissere Knëppelsteng, Staarkreen a virun allem och erëm schwéiere Stuermstéiss, déi duerchaus 100 km/h kënnen erreechen. Deeler vun dësem System sollen och dann erëm iergendwann am Laf vum Owend an eise Géigenden ukommen, wou mir awer erëm ofwaarde mussen, wéi “liewëg” et dann nach ass. Déi meescht Modeller gesinn et entweder knapp westlech oder knapp ëstlech un eis laanschtzéien, wouduerch et eng ganz knapp Geschicht géif fir eis ginn.

Dënschden

Den Dënschden gëtt den bis ewell spannendsten Dag. Vum südwestleche Frankräich bis ganz an de Nordosten eran soll sech eng ganz Donnerwieder-Zon ausbilden, déi dann entweder als grousse Klops (MCS = Mesoscale Convective System) oder och Donnerwiederfront soll op BeNeLux duergezunn kommen. Fir dës Situatioun wier de Risk fir Knëppelsteng, schwéier Stuermstéiss vun ëm 100 km/h an zolitte Reen erëm erhéicht. Vun allen Deeg bis den Donneschden ass den Dënschden deen mat der héchster Warscheinlechkeet fir en zolidd Donnerwieder zu Lëtzebuerg – dohier gëllt et dësen besonnesch gutt am Aen ze halen.


D’Berechnung vum europäesche Modell ECMWF fir en Dënschden | Grafik: wxcharts.com

Mëttwoch

E Mëttwoch gëtt d’Situatioun erëm méi oniwwersiichtlech, well d’Modeller gefillt all eppes komplett ënnerschiddleches berechnen. D’Léisunge ginn vun enger däitschlandwäiter Donnerwiederlag bis hin zu engem Donnerwiedersystem, deen um Owend iwwer Frankräich & d’Schwäiz hier an de Süde vun Däitschland soll eranzéien. D’Sécherheet vun der Prognos ass nach immens geréng.

Donneschden

Fir en Donneschden ginn och erëm Donnerwiedersignaler fir de Nordoste vu Frankräich & BeNeLux berechent, mee et ass nach vill ze fréi fir eppes geneeës dozou ze soen.