D’Wiedermodeller gesi fir de Sonnden an de Méinden ëmmer nach eng erhéicht Warscheinlechkeet vu Schnéi, zumools op de Koppen. Wéi gewinnt, soll ee sech dovun awer net ze vill erwaarden.
Advertisement
D’Modeller hunn all änlech Iddien
Elo, wou de Sonnden an e Méinde méi no kommen, komme logescherweis och méi Modeller an déi zäitlech Reechwäit dovun – well d’Modeller ebe verschidde sinn a net all d’selwecht wäit an d’Zukunft gesinn. Mee och d’Berechnunge vun dëse méi lokaliséierten a kuerzfristege Modeller gesinn, dass d’Warscheinlechkeet vu Schnéischauere viru Chrëschtdag erhéicht sinn. Ze betounen ass awer, dass dëst warscheinlech kee nennenswäerten Effekt op Hellegowend a Chrëschtdag selwer wäert hunn.
De Verlaf laut aktuellem Stand
An der Nuecht op e Sonnde verlagert sech en Déifdrockgebitt vum Atlantik hier eriwwer an de skandinavesche Raum. 24 Stonne méi spéit, an der Nuecht op e Méinde, entkoppelt sech vun dësem Déif aus e weidert Déif (Randdéif), wat sech entweder bis iwwert d’Ostséi wäert verlageren oder esouguer bis erof an d’Mëtt vun Däitschland. Egal wéi genee et kënnt, suergt déi generell Déifdrockaktivitéit iwwer Skandinavien an e grousst a kräftegt Héich virun der Westküst vu Portugal dofir, dass fiicht a gläichzäiteg kill Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert ginn. Am Laf vun Hellegowend ass domat awer Schluss, well sech am Laf vun de Stonnen den elo just ugeschwaten héije Loftdrock ëmmer méi wäit an eis Richtunge wäert beweegen. Déi kill Loftmasse ginn duerch méi mëll Loftmassen ersat.
Stand elo starte mir e Sonnde schonn mat ville Wolleken an och Reen an den Dag eran. Schonn am Laf vum Virmëtte sinn dann op de Koppen (op iwwer 400-450 Meter) déi éischt Schnéiflacke méiglech, well d’Temperaturen dem Gefréierpunkt méi no kommen. Nach sollt et sech awer ëm Schnéireen handelen. Am Laf vum Nomëtte ginn d’Temperature weider zréck, op den héchste Koppe kann et ufänken e bësse wäiss ze ginn. An der Nuecht op e Méinde ginn d’Wäerter op tëscht 0 an 2 Grad zréck – et kënnt also alleng just dorop un, wéi sech d’Nidderschléi tatsächlech verdeelen. Keng Nidderschléi, kee Schnéi. Mee e klengt Randdéif kéint nohëllefen: Sollt dat kommen a mat sengem Kär knapp ëstlech un eis laanschtgoen, géifen eis nach e puer Nidderschléi dovun erreechen. Dës wieren dann och erëm a Form vu Schnéi ënnerwee.
E Méinde selwer begrenzt sech de Schnéi just nach op déi allerhéchst Koppen bis no u 600 Meter, de Fokus läit dann also méi op der belscher an däitscher Äifel.
De Fazit
Jo, et ass déi lescht Chance op “nennenswäerte” Schnéifall fir dëst Joer. Och wann et eventuell zu dem engen oder aneren Zentimeter op de Koppe ka kommen, soll ee sech heivu net all ze vill erwaarden. De Schnéifrënn drécke mir awer natierlech d’Daumen, dass et wéinstens fir e puer Stonne wanterlech zu Lëtzebuerg gëtt – an deenen, déi drop kënne verzichten, och.