Update Ex-KIRK: De Reen iwwerhëlt d’Haaptroll, deels >50 l/m²/24h méiglech

Wéi gëschter schonn betount, ass de Reen a Saachen Ex-Hurrikan KIRK net aus den Aen ze loossen. Warnrelevant Zomme si méiglech, déi och en Iwwerschwemmungsrisk mat sech bréngen. De Wand wäert sech, Stand aktuell, a Grenzen halen.

Advertisement

De Kär vum KIRK schéngt méi wäit südlech ze zéien

An den Updates vu gëschter hu mir eis iwwer zwee verschidden Zenarien ënnerhalen, déi sech op den exakte Lafwee vum Kär vum Ex-Hurrikan KIRK bezéien. Den een Zenario huet de Kär vum KIRK knapp nërdlech vu Lëtzebuerg projezéiert, wouduerch mir un de Rand vum Stuermfeld gerode wieren. Den zweeten Zenario hätt de Kär vum KIRK exakt iwwer Lëtzebuerg wandere gelooss, wouduerch de Wand net méi grouss der Ried wäert wier a méi de Reen am Fokus steet.


De Lafwee vum Ex-Hurrikan KIRK, deen elo just nach en aussertropescht Stuermdéif ass | Grafik: zoom.earth, Edit: Météo Boulaide

An Tëschenzäit weist sech an de Modeller awer e weideren Zenario, nämlech deen, dass de Kär esouuger südlech un eis soll laanschtgoen. Doduerch géif sech d’Situatioun mam Reen net vill veränneren, mee de Wand géif sech doduerch definitiv a Grenzen halen. De Grond dofir ass, dass sech d’Wandfeld un dëse Stuermdéifer iwwer eisem Kontinent haaptsächlech südlech vum Kär befannen. Aktuell gesäit et also esou aus, wéi wann de Reen definitiv méi am Fokus géif stoe wéi de Wand.

Warnrelevant Reequantitéiten ze erwaarden

Gëschter hate mir d’Reenzommen schonn e bësse méi genee thematiséiert. Mir maachen elo nach eng Kéier dat selwecht a vergläichen déi méiglech 24-stënneg Reenzommen (09.10.2024 – 06:00 -> 10.10.2024 – 06:00) mateneen. Dat eng Kéier fir de Norden esouwéi och eng Kéier fir de Süden:

Nordhallschent:
  • SHD (Kachelmannwetter): 37 bis 67 l/m²
  • ID2: 40 bis 62 l/m²
  • ICON-EU: 32 bis 52 l/m²
  • SEZ4 (Kachelmannwetter): 34 bis 60 l/m²
  • ECMWF: 49 bis 63 l/m²
  • GFS HD: 44 bis 80 l/m²

Moyenne: 39,3 bis 64 l/m²

Südhallschent:
  • SHD (Kachelmannwetter): 20 bis 45 l/m²
  • ID2: 60 bis 82 l/m²
  • ICON-EU: 40 bis 63 l/m²
  • SEZ4 (Kachelmannwetter): 53 bis 67 l/m²
  • ECMWF: 44 bis 63 l/m²
  • GFS HD: 35 bis 65 l/m²

Moyenne: 42 bis 64,2 l/m²

Op d’Land gekuckt kéime mir den aktuelle Modeller no also bei tëscht 40 a 64,1 l/m² Reen eraus. Op d’Nordhallschent bezunn soll déi duerchschnëttlech Reenzomm bei 51,65 l/m² leien, am Süden bei 53,1 l/m².

A Kombinatioun mat Wand-/Stuermstéiss kënne Beem ëmfalen

Duerch de ville Reen wäerten d’Peegele klammen an et wäerte méiglecherweis och verschidde Streckenofschnëtter duerch d’Waasser, wat d’Hiwwelen erofleeft, iwwerschwemmt sinn. D’Biedem sinn aktuell gesiedegt, esoudass d’Waasser net esou séier a liicht kann asickeren. En anere Faktor ass de Wand, deen sech de meeschte Modeller no zwar a Grenzen hale soll, an awer si Vitesse vun tëscht 40 a 70 km/h ze erwaarden. Dat ass net d’Welt, mee et geet duer fir dass e puer Beem ëmfalen – besonnesch eben, well dës an opgeweechtem Buedem stinn. Verschidde Beem sinn och nach duerch vergaange schwéier Donnerwieder aus dem Summer ugeschloen.