Update fir den Donneschden: Op e Neits Donnerwieder ze erwaarden, punktuell staark

Den 11. Juni hate mir eng éischt Kéier iwwert déi momentan Donnerwieder-Serie iwwer West- a Mëtteleuropa geschwat. Muer steet e weideren Dag un, deen och fir eis interessant gëtt.

Advertisement

Weiderhin immens gënschteg Konditiounen

D’Wiedermodeller weisen eis, wéi eis am Laf vum Dag duerch e klengt Donnerwiederdéif iwwer Frankräich ëmmer méi schmeier Loftmassen zougespillt ginn. Net nëmmen um Buedem ass d’Loftfiichtegkeet immens héich, mee och an der Atmosphär “hänkt” genuch potenziellt Reewaasser, fir dass et ënnert de kräftegsten Donnerwieder kann zu kuerzfristegen Iwwerschwemmunge kommen. Wärend dëst Déif a Richtung Norde virukënnt, gëtt och eng gréisser potenziell zur Verfügung stoend Energie (CAPE) vun bis deels 2000 J/kg opgebaut, esou eng Rëtsch héichopléisend Modeller.


Aktuell Berechnung fir den Donneschden, AROME | Animatioun: wxcharts.com

Dës Konditioune passen, Stand aktuell, iwwert der Mëtt vu Frankräich bis an de Norden am beschten iwwerteneen a solle sech nach deels iwwer BeNeLux eropzéien, spéiderhin fläit och nach bis an de Südoste vun Holland a Nordrhein-Westfalen. Onsécherheete ginn et awer a Richtung Südosten, also fir gréisser Deeler vun Däitschland, well mir et do mat engem sougenannten “Deckel” ze dinn hunn. Dorënner versteet een eng dréche Schicht an der Atmosphär, déi et verhënnert, dass et zu Quellunge kënnt – ausgeléist duerch en Héichdrockgebitt, wat sech vum Alperaum iwwer Eisträich zitt.

Den aktuelle Standpunkt iwwert de Verlaf

Déi meescht Modeller gesinn an der markéierter Haaptzon eng grouss Warscheinlechkeet fir Donnerwieder, déi PUNKTUELL erëm kräfteg kënnen ausfalen. D’Situatioun schéngt dës Kéier awer e gutt Stéck méi groussflächeg kënnen auszefale wéi nach um vergaangenen Dënschden. Et ass domat ze rechnen, dass sech virun allem iwwert dem zentrale Frankräich erëm e puer Superzelle forméieren, un deenen de Risk vu grousse Knëppelsteng, Stuermstéiss an zolittem Reen erhéicht ass – och en Tornado ass net ausgeschloss.


Wou d’Donnerwieder am warscheinlechste sinn | Grafik: Météo Boulaide

D’Fro déi sech muss gestallt ginn ass, ob et dës Donnerwieder am Laf vum Nomëtten an Owend och op Lëtzebuerg packen. Et gesäit emol ganz dono aus, just si sech d’Modeller net ganz driwwer sécher, ënnert wat fir enger Form dat geschitt. Déi eng deiten éischter e grousst Reegebitt un, an dat e puer Donnerwieder (dorënner och méi kräfteg Zellen) sollen agelagert sinn. Anerer dogéint hunn awer d’Iddi am Kapp, esouguer superzellulär Formatioune op Lëtzebuerg oder op d’mannst an d’Groussregioun kommen ze loossen. An dësem Fall géif dann leider erëm de Risk vun eppes punktuell méi zolittem bestoen, inkl. och dem Risk vu markante Knëppelsteng.

Dës Froe ginn eis spéitstens muer spontan beäntfert – heescht also: Radar am Aen halen an Iech stänneg um Ball halen.

Zäitpunkt

Deels gi schonn eenzel Schliet an Dimmeren fir de Moien a Virmëtten ugedeit. Eng méi héich Warscheinlechkeet fir méi flächeg Donnerwieder besteet dann awer vum spéidere Nomëtte bis an den Owend eran.