An der zweeter Nuetshallschent wäert de Wand zouhuelen, wat net irrelevant ass, wann ee mat Rakéiten hantéiert.
Advertisement
D’Joer geet roueg op en Enn
Nach e puer Stonnen, da war et dat schonn mam Joer 2024! Dës lescht Stonne wäerten allgemeng roueg verlafen, well mir ëmmer nach ënnert eisem Héichdrockgebitt inkl. der Inversiounswiederlag leien, déi eis an de leschten Deeg de ville Niwwel bruecht hunn. D’Temperature bleiwen dowéinst de ganzen Dag laang am Minus, aktuell (14:35 Auer) sinn et tëscht -3 a -1 Grad.
Fir de spéidere Nomëtten an och den Owend wäert sech aller Warscheinlechkeet no net vill un der Situatioun änneren, deels ass och nach ëmmer Gefisems dobäi. Et ass eréischt an der Nuecht, pénktlech no Mëtternuecht, wou eis Inversiounswiederlag lues awer sécher un d’Wackele kënnt, well Déifdrockgebitter lues a lues un Afloss gewannen. Konkret heescht dat, dass sech vu Mëtternuecht un visuell net vill wäert veränneren, mee de Wand gëtt no a no méi spierbar. An de Spëtzte sinn elo 25 bis 40 km/h méiglech – dat ass net vill, mee et kann d’Fluchbunn vun de Silvester-Rakéite beaflossen. Sollt Dir Iech elo dozou entscheeden, der lasszeloossen, zumools tëscht den Haiser, da kalkuléiert dat mat an. D’Wandrichtung ass Südwest. D’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a wäerte bis an de fréie Moien eran temporär liicht méi héich klammen, ier se erëm zréckginn. Eréischt muer am Dag sinn tëscht 3 a 6 Grad ze erwaarden.
Ze erwäänen ass och, dass nach bis muer um 12 Auer e Wiederhiweis viru glate Stroossen, Trottoiren a Weeër besteet.
Mir wënschen schonn mol e gudde Rutsch a vill Gléck am neie Joer 2025!