An Tëschenzäit si sech d’Modeller driwwer eens, dass eis Ufanks der nächster Woch e kuerze, mee markanten Hëtzt-Peak usteet. Déi bis ewell wäermst Deeg vum Joer stinn un.
Advertisement
Eng temporär Hëtztblos
Wéi mir et am Bléck op de Weekend gesinn hunn, gëtt et schonn an de nächsten Deeg no a no méi waarm. De Peak erwaart eis awer e Méinden, och den Dënschde gëtt et wuel nach hëtzeg. Dëse markanten Hëtzt-Virstouss huet säin Uersprong a Spuenien a gëtt duerch d’Kombinatioun vun héijem Loftdrock iwwert dem Mëttelmier an Osteuropa esouwéi engem Déif iwwert de britteschen Inselen op Lëtzebuerg gelenkt.
Schonn um Dënschde breet sech um Atlantik e gréisseren Déifdrockkomplex no a no méi wäit a Richtung Europa aus, wouduerch sech den Hëtztbierg schonn lues a lues ufänkt a Richtung Osten ze verzéien. E Mëttwoch ass et zwar viraussiichtlech nach summerlech, d’Hëtzt verléisst eis awer schonn erëm.
Déi méiglech Héchstwäerter
Vun den héichopléisende Modeller, déi elo schonn bis de Méinden an en Dënschde gesinn, rechnen déi meescht mat Héchsttemperature vun tëscht 30 a 35°C. Aus Erfarung eraus kann een awer soen, dass bei der waarmer Loftmass, déi dann wäert iwwert eise Käpp leien, och mol eng 36°C oder 37°C net gänzlech ausgeschloss wier, besonnesch op den übleche Plazen wéi laanscht d’Musel oder a Ballungsräim. Fir en Dënschde bleift den däitsche Modell ICON weiderhi bei 27 bis 33°C, iwwerdeems den europäesche Modell schonn op 25 bis 30°C erofkorrigéiert. Den amerikanesche Modell GFS ass esouguer bei “just” nach 22 bis 26 Grad ënnerwee, wat ënnert anerem och op en Donnerwiederrisk zréckzeféieren ass. Dësen thematiséiere mir geschwënn.
Staark Hëtztbelaaschtung duerch héich Loftfiichtegkeet
Dat, wat d’Wiermt onangeneem mécht, ass den Taupunkt. Dësen ass, nieft der Ugab zur relativer Loftfiichtegkeet a Prozent, e weidert Mooss dofir, fir déi buedemno Loftfiichtegkeet ze bestëmmen. Läit de Wäert, ausgedréckt a °C, der tatsächlecher Lofttemperatur méi no, wat et méi schmeier ass. Ass e wäit ewech, dann ass d’Loft méi dréchen. Hu mir et mat summerlechen Temperaturen ze dinn (beispillsweis ab 23 oder 24°C) an den Taupunkt läit bei 16°C, da fänke mir dat ganzt un als schmeier ze empfannen. Fir e Méinde rechnen d’Modeller aktuell mat engem Taupunkt vun 20 bis deels 24°C – kéim dat esou, da géif dat net nëmme schmeier, mee schonn bal tropesch ufillen. Déi tatsächlech Temperatur fillt sech doduerch nach vill méi héich un, iwwerdeems vulnerabel Persounen duerch déi héich Loftfiichtegkeet a Schwieregkeete kënne geroden. Och fir all déi aner Persounen sollt een dann och net méi onënnerbrach dobaussen an der Sonn schaffen/ënnerwee sinn, ouni sech dotëscht reegelméisseg ofzekillen, ze raschten a virun allem genuch ze drénken. En Dënschde soll déi schmeier Loftmass ëmmer nach bei eis sinn, den Taupunkt bedréit de Berechnunge no bis zu 22°C.
Et gëtt e kuerzen, mee markanten bis intensiven Hëtzt-Peak. Dëse kann virun allem fir Kanner, eeler Leit a soss vulnerabel Persoune nach e méi groussen Impakt hunn. Glécklecherweis ass “nëmme” fir zwee Deeg mat enger grousser Hëtztbelaaschtung ze rechnen.
Den Donnerwiederrisk klëmmt
Den Taupunkt seet net nëmmen eppes doriwwer aus, wéi agréabel et sech dobaussen ufillt, mee ass och en Indice op e gewëssen Donnerwiederrisk. An enger esou waarmer, mee och immens fiichter Loftmass kënne sech nämlech och deels kräfteg Donnerwieder forméieren. Fir dass dës entstinn, braucht et awer en Ausléiser (Trigger).
E Méinden steet eis zwar keng Donnerwiederfront un, mee et etabléiert sech dem aktuelle Stand no eng sougenannt “Konvergenzzon”, un där déi schmeierwaarm Loftmasse gezwonge ginn, sech ze hiewen. Wann dat geschitt, da kann dat grousst Potenzial op immens enk begrenztem Raum entluede ginn. Dës punktuell Donnerwieder an enger immens schmeierwaarmer Loftmasse ginn och nach Hëtztdonnerwieder genannt. Ob dat wäert geschéien, muss awer natierlech ofgewaart ginn. Wann, dann ass et awer, wéi gesot, just op lokaler Basis de Fall.
En Dënschde wier de Risk fir Dimmeren en Tick méi héich, ka sech awer och nach eriwwer an Däitschland verlageren. Et géif nach bis e Mëttwoch daueren, bis déi schmeierwaarm Loft aus eise Géigende verdrängt ass.