Et bleift vill lass an der Wiederkichen: Weiderhin ass domat ze rechnen, dass mir muer ënnert den Afloss vun engem Stuermdéif geroden. Zumools vum Nomëtten u kann et zu deels schwéiere Stuermstéiss kommen.
Advertisement
Kombinatioun aus Haapt- a Randdéif
D’Déif, wat eis muer dat ugespaant Wieder bréngt, läit aktuell schonn mat sengem Kär knapp westlech vun de britteschen Inselen a verstäerkt sech. Bis muer den Owend wäert säi Kär iwwert der ëstlecher Nordséi leien, fir dann op de skandinavesche Raum ze treffen. De fir eis interessanten Deel forméiert sech muer de Moien, wann de Kär vum Haapdéif esou just amgaangen ass, op d’Nordséi erauszezéien: D’Modeller deiten un, dass sech méi wäit südlech, un der Kalfront, e e klengt Randdéif soll forméieren, un dem de Wand séier méi staark gëtt.
D'”Hexerei” bei dëser Wiederlag wäert sinn, ob dëst Randdéif mat sengem Kär knapp nërdlech un eis laanschtgeet, genee iwwert eis oder südlech vun eis. Dat verstäerkt Wandfeld vum Déif befënnt sech, wéi et typesch ass, direkt knapp südlech vum Kär selwer. Setzt sech also déi Situatioun duerch, dass de Kär vum klengen Déif knapp nërdlech un eis laanschtgeet, da gerode mir an de Beräich mat de stäerkste Stuermstéiss.
D’Agrenzung vun de Wandvitessen
Dëst ass en Update vum Artikel, deen mir gëschter zu der Situatioun geschriwwen hunn: Geet et dem amerikanesche Modell no, da passéiert eis de Kär vun dësem klenge Randdéif knapp ëstlech vu Bréissel, wouduerch mir definitiv an de méi staarken Deel vum Wand géife geroden. Den Haaptlaf vum Modell, esouwéi och vill aner Ënnervarianten (Ensemblen) dovun, deiten dorop hin, dass am Nomëtte Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss vun tëscht 80 an 105 km/h méiglech wieren. Den europäesche Wiedermodell gesäit och, dass mir matten am Stuermfeld solle leien – mee et sech nëmme liicht manner intensiv kéint entwéckelen: 80 bis 95, deels 100 km/h wieren dran.
Méi zolidd ass den däitschen ICON-EU, deen Vitesse vun tëscht 80 an 105 km/h berechent. Säi Brudder, den ICON-D2, gesäit aktuell e Maximum vun tëscht 75 a 90 km/h. De franséischen AROME-Modell zielt sech selwer och zu de Worst Case-Berechnungen a simuléiert schwéier Stuermstéiss, déi zu hirem Peak och tëscht 80 a knapp iwwer 100 km/h kënnen erreechen. E weidere Modell, deen mir reegelméisseg mat an d’Bewäertung mat abezéien, dass de Super-HD Modell vu Kachelmannwetter: Dëse rechent op exponéierte Plaze mat schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 80 an 100 km/h, an den Däller wieren et 60 bis 80 km/h.
Virun allem dann, wa sech, wéi verschidde Modeller dat och undeiten, eng kräfteg Schauerlinn un dësem Gebild sollt forméieren, da wier d’Warscheinlechkeet vun >100 km/h nach en Tick erhéicht.
De Fazit
Duerch dës Auswäertung komme mir op den Entschloss, dass de momentan realisteschsten deen ass, dass an den Däller tëscht 60 an 80 km/h am warscheinlechste sinn. Op exponéierte Plaze sinn an de Spëtzten tëscht 80 a 90 km/h ze erwaarden – an deemno wéi aktiv sech d’Kalfront an och, wouhi genau sech de Kär vum potenzielle klenge Randdéif beweegt, sinn och Vitesse vun ëm 100 km/h net ausgeschloss.