Et ass, wéi Dir wësst, eng immens interessant Wiederlag iwwer Mëtteleuropa ze erwaarden. Vum Donneschden u gëtt de Wand en Thema, a vun haut u kënne mir eis och méi héichopgeléist Modeller dozou ukucken.
Advertisement
Advertisement
D’Situatioun gëtt esou lues méi konkret
Duerch d’Konstellatioun aus engem staarken Héichdrockgebitt iwwert den Azoren an déiwem Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum gëtt et an de nächsten Deeg egal wéi däitlech méi lëfteg – dat duerch déi immens Drockënnerscheeder tëscht de Gebitter. Lëtzebuerg an aner grouss Deeler vu Mëtteleuropa geroden ënnert genee dës Zon, wouduerch de Risk vu Stuerm an d’Luucht geet.
Déi nordwestlech Küsten a Frankräich, esouwéi och d’Nordséiküsten an der Belsch, Holland an Däitschland kréien et zimmlech sécher mat Stuerm ze dinn – e Freiden ass och d’Nordséi drun. Mee elo kucke mir eis awer un, wat fir Lëtzebuerg an d’Haus steet.
De neiste Stand
Haut ass Dënschden, 19. Dezember 2023. Domat hu mir dësen Zenario schonn zanter 6 Deeg um Schierm a maache reegelméisseg Updates driwwer. Net, well et eng immens geféierlech Wiederlag ass, mee fir einfach e generellen Abléck an d’Welt vun de Wiedermodeller ze ginn a wéi se sech am Laf vun der Zäit veränneren. En ausgewuessenen Orkan erwaart eis souwisou net, mee et kann awer zäitweis fir Stuermstéiss duergoen.
De lëftegsten Ofschnëtt soll de meeschte Modeller no an der Nuecht op e Freiden ze erwaarde sinn. Dohier kucke mir eis elo un, wéi déi eenzel Modellrechnungen dann ausgesinn.
- GFS: 60 – 80 km/h
- ECMWF: 60 – 80 km/h
- ICON-EU: 60 – 80 km/h
- ARPEGE: 60 – 80 km/h
- SHD (Kachelmannwetter): 60 – 85 km/h
- SwissHD (Kachelmannwetter): 60 – 90 km/h
D’Donnéeë sinn all e Stéck wäit opgeronnt – an awer gesi mir, dass d’Modeller ënnerteneen eng däitlech Sprooch schwätzen. Déi kräftegst Vitessen ginn fir d’Koppen un der Nordspëtzt vum Land berechent, iwwerdeems et sech an der Südhallschent meeschtens ëm Spëtzte vun tëscht 60 a 70 km/h sollt handlen. Fir d’Koppen wier d’Spaan vun tëscht 60 an 80 km/h eben déi, déi am warscheinlechsten ass.
Dëst ass elo keen immense Stuerm oder aussergewéinlech Situatioun – all Wanter kommen dës Phasen vir. Et muss een awer soen, dass vill Beem duerch vergaange Stierm an och de ville Reen a leschter Zäit deels net méi a festem Buedem stinn. Et besteet also op alle Fall de Risk vun Äscht oder och eenzelne Beem an de Stroossen.