Update fir en Donneschden: Schnéifall fir de Süden oder zitt et knapp laanscht?

Wéi an de vergaangenen Updates betount, erwaart eis en Donneschden erëm eng liicht méi kniffleg Situatioun. D'Modeller si sech net esou ganz sécher, wéi wäit et de Schnéi a Richtung Lëtzebuerg packt. En Update.

D’Situatioun

An der Nuecht op de Mëttwoch zitt en Déifdrockgebitt an de Weste vu Frankräich eran. Seng Waarmfront dréckt sech a Richtung Nordosten virun, betrëfft also haaptsächlech de Nordoste vu Frankräich an Deeler vun der Südhallschent vun Däitschland.


En Déif kënnt an de Weste vu Frankräich eragezunn a bréngt op senger Nordsäit Schnéiflacken | Animatioun: wxcharts.com

An de leschten Updates hate mir gesinn, dass et och verschidde Modeller gouf, déi dëse Nidderschlag fir Lëtzebuerg berechent haten – wat a méi groussflächegem a potenziell kräftegem Schnéifall resultéiert hätt. Wéi gesäit et an Tëschenzäit aus?

De Schnéi kënnt no… mee no genuch?

An Tëschenzäit sinn déi meescht Modeller der Meenung, dass d’Nidderschlagsgebitt mam Schnéi däitlech ze wäit südlech u Lëtzebuerg laanschzitt, fir dass och mir vu méi markantem Schnéifall kënne schwätzen. Net all ze wäit ewech gesäit et den amerikanesche Modell, deen vum Donneschdenomëtten un bis an de fréien Owend eran e puer eenzel Schnéischaueren an der Südhallschent vum Land net wëll ausschléissen. Dem europäesche Modell no soll dagsiwwer guer näischt erofkommen, ier dann um fréie Freidemoien e Schnéifeld esou just un der Südhallschent vu Lëtzebuerg kéint krazen.


D’Berechnung vum franséische Wiedermodell ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

Esouguer de soss esou Schnéi-optimisteschen ARPEGE-Modell gesäit et knapp südlech laanschtgoen. Knapp laanscht ass eben och laanscht, esoudass ee ka soen, dass et en Donneschden allerhéchstens mol zu e puer Flacke ka kommen – mee näischt, wat grouss relevant sollt ginn.

Sollt sech un dësem momentane Fazit eppes änneren, da gitt Dir dat natierlech direkt gewuer.