Update fir muer den Owend: Risk vun Donnerwieder mat Stuermstéiss

No eisem Artikel vu gëschter si sech d’Modeller mëttlerweil eenz iwwert de Risk vun Donnerwieder mat Stuermstéiss fir de Sonndenowend. Just muss een och un den Afloss vum Saharastëbs denken.

Advertisement

Punktuell warnrelevant Entwécklunge net ausgeschloss

An de leschten Deeg a Wochen hate mir et ëmmer erëm mol mat vereenzelten Donnerwieder ze dinn, déi awer meeschtens just vu net warnrelevanter Natur waren. Fir muer vum Nomëtten un (31.03.2024) besteet awer de Risk vun engem méi kräftegen Donnerwieder, dat och mol e warnrelevante Niveau kéint erreechen. Aus aktueller Siicht misst kuerzzäiteg mat Staarkreen gerechent ginn, am Fokus steet awer de Wand. Ënnert de kräftegsten Zellkären wiere Stuermstéiss bis 80 km/h net ausgeschloss, am Worst Case awer och ëm 90 km/h. E klenge Risk besteet dann awer och nach fir Knëppelsteng.


D’Berechnunge vum AROME-Modell fir de spéidere Sonndenomëtten/Sonndenowend | Animatioun: wxcharts.com

Wat den Zäitpunkt ugeet, kann et schonn am fréie Nomëtten zu Schaueren oder eenzelnen Donnerwieder kommen. De Risk fir déi méi kräfteg besteet haaptsächlech tëscht 16 an 21 Auer.

Saharastëbs als Onsécherheetsfaktor

Och wa sech d’Modeller zimmlech eenz sinn, suergt de Saharastëbs awer trotzdeem fir Fragezeichen. D’Energiezoufuer vun Donnerwieder si fiichtwaarm Loftmassen, déi duerch Sonnenastraalung ugedriwwe ginn. Sollt déi dréif Couche duerch de Stëbs um Himmel muer ëmmer nach ze markant sinn, da kéint manner Energie zur Verfügung stoen wéi d’Modeller et berechnen. Dëst hätt dann automatesch och grouss Auswierkungen op dat tatsächlecht Wieder fir muer den Owend.

Dohier: Theoretesch ass d’Potenzial do, mee trotz Sécherheet tëscht de Modeller kënnt et drop un, wat sech kuerzfristeg deet. Et heescht also de Radar am Aen ze halen – Stéchwuert “Nowcasting”. Dëst wäert Météo Boulaide muer fir Iech maachen. Aktuell Hiweiser a Warnungen fannt Dir ëmmer aktuell an eisem dynamesche SkyWatch-Warnsystem.