UPDATE fir muer: Kloerheet iwwert d’Déif, Reen-Maximum zitt laanscht

Gëschter gouf et nach gréisser Onsécherheeten, wat d’Reequantitéite fir muer ugeet. Elo ginn d’Berechnungen awer ëmmer méi kloer.

Advertisement

Däitsche Wiederdéngscht DWD mat Warnstuf Orange

Ebe well d’Modeller mëttlerweil d’Situatioun fir muer besser kënnen aschätzen, huet den däitsche Wiederdéngscht net laang gezéckt: Fir Deeler vun der Äifel esouwéi awer och vu Nordrhein-Westfalen gouf eng Wiederwarnung vun der oranger Stuf erausginn.


Déi aktuell Wiederwarnunge vum däitsche Wiederdéngscht DWD

Bis muer den Owend spéit ass mat Quantitéite vun tëscht 30 a 50 l/m² ze rechnen, wat een de Modellrechnunge gutt kann enthuelen.


D’Reequantitéiten, déi bis an de fréien Dënschde sollen erofkommen | Grafik: wxcharts.com

Wat heescht dat elo fir Lëtzebuerg?

Virun allem den amerikanesche Modell war gëschter nach der Meenung, dass och zu Lëtzebuerg gréisser Reequantitéite sollen erofkommen – iwwerdeems de Gros vun den anere Modeller gesinn huet, dass de Gros vun de Nidderschléi vum Déif, wat quasi direkt iwwert eis läit, ronderëmt Lëtzebuerg gelenkt ginn. Eng Onwiederlag wier egal wéi net an de Kaarte gewiescht, an awer hätt et en immens verreenten Dag bedeit.

Also: De Reen bleift bei eis net aus, mee d’Quantitéite solle sech a Grenzen halen.