UPDATE fir Portugal, Spuenien a Frankräich: Iwwerschwemmunge méiglech

An de leschten Deeg hate mir eis déi markant Situatioun duerch de Reen iwwer Südeuropa schonn e puer mol ugekuckt. Déi naass Phas ass amgaangen – dohier geheie mir e frësche Bléck op Portugal, Spuenien a Frankräich.

Advertisement

Portugal a Spuenien

Bis de Sonnden inclus sinn zousätzlech tëscht 60 a lokal ëm 100 l/m² ze erwaarden, dat ëmmer nach haaptsächlech iwwert dem Nordweste vu Portugal esouwéi och Nordweste vu Spuenien. Tëscht Coimbra a Porto befënnt sech en Hotspot, an dem et punktuell awer och deemno wéi nach e bësse méi kéint reenen.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Wa mir a Spuenie kucke ginn, dann ass net nëmmen déi direkt Grenz zu Portugal betraff,m mee och déi méi südlech Géigende vum Land. Nërdlech vu Malaga komme 50 l/m² erof, lokal och mol 80 l/m². A Richtung Marokko kënnen och ëm 90 l/m² virkommen.

Frankräich

Schwéierpunkt ass definitiv de Massif Central, an dem bis e Sonnden inclus tëscht 90 an 150 l/m² ze erwaarde sinn. Mat dobäi ass och eng Sträif vu Marseille bis op Nice, wou tëscht 50 a 85 l/m² solle falen – dëst ass d’Meenung vum europäesche Modell. Den däitschen ICON-EU wëll iwwert dem Massif punktuell >200 l/m² net ausschléissen, bei Marseille a Nice wieren tëscht 60 an 100 l/m² dobäi.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Italien

D’Nidderschléi stoppe natierlech net virun der italienescher Grenz. Berechent ginn tëscht 40 an 80 l/m², lokal och erëm ëm 100 l/m².


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Et kënnt also nach e bëssen eppes bei déi gefale Quantitéiten dobäi.