Wat geschitt?
Um spéidere Sonndenowend/an der Nuecht op de Méinden zitt aus west-südwestleche Richtungen eng Waarmfront op, iwwerdeems ass enger ganzer Rëtsch Modeller no mat gréisstendeels schwaache Nidderschléi ze rechnen. Dës Nidderschléi falen duerch déi méi waarm Loft, déi sech schonn de Sonnden iwwer an der Luucht breetgemaach huet, als Reen. De Buedem ass duerch déi immens niddereg Temperaturen aus de leschten Deeg awer bis a gréisser Déiften déifgefruer. De Reen, deen fir de spéidere Sonndenowend & fréie Méindemoie berechent gëtt, kann um Buedem also séier fir spigelglat Streckenofschnëtter suergen.
Eenzelheeten iwwer d’Dauer vun der Gefor
D’Gefor wäert net all ze laang undaueren, och wann an der Virwarnung en Zäitraum vun tëscht 22 Auer de Sonndenowend a 05 Auer de Méindemoie virgesinn ass. D’Zäitfënster vun der potenzieller Gefor wäert iergendwann tëscht dësem Beräich opgoen an zougoen, grouss an d’Längt zéie wäert se sech net.
Warscheinlech net flächendeckend, mee no “Zoufallsprinzip”
Natierlech ass wärend dem ganze gewarnten Zäitraum mat glate Strecken ze rechnen, egal wou Dir ënnerwee sitt. An awer: Duerch e “waarmen” opfrëschende Wand wäert et net laang daueren, bis op mannst d’Uewerfläch vun de Biedem och an de Plusberäich geréit. Dat geschitt vu Plaz zu Plaz ënnerschiddlech séier – an och d’Verdeelung vun de Nidderschléi wäert vu Plaz zu Plaz ënnerschiddlech sinn. Doduerch ergëtt sech e Geforebild ganz nom “Zoufallsprinzip”: Vu Kilometer zu Kilometer kann et zu ganz ënnerschiddleche Stroossenzoustänn kommen. Dat heescht, dass ganz iwwerraschend mol e glate Streckenofschnëtt virkomme kann, deen ee net komme gesäit.
Et schéngt also dorop erauszelafen, dass et net jiddereen betrëfft. Duerch déi awer elo grad genannt Konditiounen heescht et trotzdeem, dass een am Zäitraum vun tëscht dem Sonndenowend 22 Auer bis Méindemoie 05 Auer immens gutt oppasse soll, wann een ënnerwee ass. Mam Update muer kéint eventuell eng nach besser Agrenzung vun der Zäitfënster méiglech sinn.