Update iwwert de Schnéi: Auswierkungen op de Beruffsverkéier méiglech

D’Modeller bleiwen dobäi, dass eis virun allem muer de Moie fréi deels kräftege Schnéifall usteet. Fir de Beruffsverkéier bedeit dat, dass et zu Beanträchtegunge komme kann. Denkt also drun, eventuell éischter aus dem Haus ze goen.

Advertisement

Déifdrockgebitter & Loftmassegrenz

Iwwer Däitschland & BeNeLux huet sech eng Loftmassegrenz opgebaut. Vu West no Ost zéien Déifdrockgebitter duerch, déi den Hiewungsprozess un dëser Loftmassegrenz weider verstäerken & triggeren. Doduerch forméiere sech ëmmer erëm Nidderschléi, déi kräfteg ausfale kënnen. Zäitweis wäert dat als Schnéi de Fall sinn, well d’Temperaturen zimmlech staark schwanken.


Vill Nidderschléi un der Loftmassegrenz, inkl. Schnéi | Animatioun: wxcharts.com

Wat de Verlaf betrëfft heescht dat, dass de Nidderschlag elo an de nächste Stonne wäert ufänken, ëmmer méi present bei eis ze ginn. Den zweete Step ass deen, dass d’Temperaturen an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Mëttwoch de Gefréierpunkt upeilen. Am Norden ass dat am séiersten de Fall, an der Südhallschent dauert et deemno wéi bis an de fréie Mëttwochmoien eran. Parallel dozou zéie kräfteg Nidderschléi eran, déi dann duerch d’Temperaturen als kräftege Schnéi erofkommen. Dëse kräftege Schnéi ka fir Beanträchtegungen am Beruffsverkéier suergen, an dofir muss mol net vill dovu leie bleiwen.

Kräftege Schnéifall bedeit net onbedingt déck Schnéicouche

De Nidderschlag kënnt logescherweis just esou laang als Schnéi erof, wéi d’Temperaturen et och zouloossen. Wat d’Schnéicouche betrëfft ass dës och just méiglech, esoulaang d’Temperaturen op Buedemhéicht an engem gënschtege Beräich sinn. Dat wäert an de nächste 24 Stonne just wärend engem klengen Zäitofschnëtt de Fall sinn, an dësen ass elo vum spéideren Owend bis an de Mëttwochvirmëtten eran. Vum Mëtten u klammen d’Temperature séier, de Schnéi geet also zimmlech séier erëm a Reen iwwer an d’Couche, déi plazeweis zesummekënnt, verschwënnt och erëm séier. Mee wéi vill Schnéi kënnt dann elo schlussendlech erof?

An de leschten Updates hu mir ëmmer erëm mol e Bléck op d’Schnéihéichte gehäit an hu gemierkt, wéi d’Modeller sech ëmmer méi fir eng gewëss Spaan entscheed hunn. Den aktuelle Stand gesäit esou aus:

Nordhallschent

  • GFS: 3 bis 8 cm
  • ECMWF: 5 bis 11 cm
  • ICON: 3 bis 6 cm
  • ARPEGE: 5 bis 10 cm

Moyenne: 4 bis 8,75 cm

Südhallschent

  • GFS: 1 bis 4 cm
  • ECMWF: 4 bis 6 cm
  • ICON: 0 bis 3 cm
  • ARPEGE: 2 bis 5 cm

Moyenne: 1,75 bis 4,5 cm