Fir dësen Artikel gëtt et en Update
Wéi mir et nach wärend der vergaangener Onwiederlag vun e Freiden erwäänt hunn, steet fir muer déi nächst Onwiederlag an der Groussregioun un.
Advertisement
D’Situatioun
An der Nuecht op en Dënschde kënnt en Déifdrockgebitt aus den Alpen erausgezunn an zitt a Richtung Nordwesten. De Kär vum Déif soll dann an der Nuecht op e Mëttwoch am Raum Äifel/südlecht Nordrhein-Westfalen leien, ier et dann am Laf vum Mëttwoch op d’Nordséi eraus verschwënnt.
Op sengem Wee produzéiert d’Déif e gréissert Reegebitt, wat sech iwwert de Süde vun Däitschland, de Nordoste vu Frankräich, Deeler vun der Belsch, Süde vun Holland an och Lëtzebuerg erstreckt. D’Situatioun ass also eng änlech wéi um vergaangene Freiden, mee et gëtt een Ënnerscheed: Dës Kéier lagere sech och eenzel méi zolitt Schauersegmenter an Donnerwieder an d’Geschéien an, duerch déi et punktuell a stréchweis zu däitlech méi héijen Zomme komme kann wéi an der Ëmgéigend. Do, wou dës Zellen optrieden, besteet déi gréisst Gefor a Saache markant Iwwerschwemmungen, déi leider esou intensiv kënnen ausfalen wéi d’lescht Woch.
D’Anuerdnung
Op der folgender Grafik gesitt Dir, a wéi enge Beräicher d’Warscheinlechkeet vun den op der Kaart markéierte Peaks am héchsten ass. Net jiddereen an den agezeechente Géigende kritt en Onwieder ze gesinn, mee, wéi gesot, stréchweis ass et leider méiglech. Den Haaptrisk verleeft vum südëstlechen Däitschland iwwert d’Mëtt bis iwwer BeNeLux a Nordostfrankräich. An den orange Gebitter kann et och zu markanten Entwécklunge kommen, mee de Modellrechnunge no ass de Risk vun den agelagerten Donnerwieder net grad esou héich – dohier déi “geméissegt” Reenzomen.
Mee och iwwert aneren Deeler vu Frankräich, wéi beispillsweis am Raum Paräis a südwestlech dovun, kann et zu warnrelevante Nidderschléi kommen – deemno wéi punktuell däitlech méi, wéi op der Kaart markéiert.
De Reen kënnt zu Lëtzebuerg am Laf vum fréien Dënschdemoien un an zitt sech bis an déi spéit éischt Hallschent vun der Nuecht op e Mëttwoch eran.