Update: Modeller gesinn erëm Chancen op éischte Schnéi fir de Weekend

An? D'Wanterpneuen schonn montéiert? Enger Rëtsch Wiedermodeller no besteet de Weekend op ee Neits d'Warscheinlechkeet vum éischte Schnéi zu Lëtzebuerg.

Loftmassegrenz suergt op ee Neits fir Chancen op Schnéi

An de nächsten Deeg läit déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum, iwwerdeems mir et mat héijem Loftdrock iwwer Skandinavien an och Russland ze dinn hunn. Duerch d’Stréimungsmuster, wat doduerch zustane kënnt, gerode kill Loftmassen an eis Géigenden. Dem neiste Stand no soll sech eng kleng Loftmassegrenz forméieren, déi vum Freidenomëtten bis an de Samsden eran fir Schnéischauere suerge kann. Dovu betraff ass eng Sträif vum ëstlechen & südëstlechen Däitschland bis an de Westen eran – ugrenzend zu Lëtzebuerg also.

Situatioun méiglech bis warscheinlech, mee nach net sécher

De Weekend, an domat och de relevanten Zäitraum, si keng dräi Deeg méi fort – d’Modellkaarten déi fir dësen Artikel verwäert goufe gehéieren also schonn der Kuerzfrist un, also deem Zäitraum, an dem eng Prognos ëmmer méi sécher gëtt. An awer ginn et tëscht de Modeller nach Differenzen, déi een mat abezéie soll.


D’Entwécklungen a Saache Schnéicouche bis an de Weekend eran, berechent vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den optimisteschste Modell ass momentan den europäeschen ECMWF. Dëse gesäit an der Nuecht op de Samsde besonnesch op de Koppe vum Land déi éischt Schnéischaueren erofkommen. An de méi nidderege Lage kann et mol Schnéireen sinn, soss awer meeschtens Reen. Fir d’Koppe gëtt eng Schnéicouche vun 2 bis 5 cm berechent – fir éierlech ze sinn, ass den ECMWF an de meeschte Fäll ze optimistesch. Dohier einfach mat Virsiicht genéissen.


D’Entwécklungen a Saache Schnéicouche bis an de Weekend eran, berechent vum GFS | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent just mol geréngfügegt geflackels, dat am selwechten Zäitraum. De neiste Laf huet de Schnéi esouguer méi wäit an Däitschland eragedréckt, wat heescht, dass d’Chancen dësem Modell no änlech geréng ausfalen wéi fir den 20. November.


D’Entwécklungen a Saache Schnéicouche bis an de Weekend eran, berechent vum ICON | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Wiedermodell ICON gesäit vum spéidere Freidenomëtten un vun Osten hier d’Warscheinlechkeet vu Schnéireen laanscht de Südoste vum Land/Musel. Vun do aus soll sech de geréngfügege Nidderschlag bis an de spéideren Owend eran ëmmer méi wäit och an de Rescht vum Land resp. Norden verlageren. Trotz dem bësse Geflacks rechent de Modell mat kenger Akkumuléierung um Buedem.


D’Entwécklungen a Saache Schnéicouche bis an de Weekend eran, berechent vum ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass änlech ënnerwee wéi den ICON, just minimal méi intensiv wat d’Nidderschléi betrëfft. Berechent gëtt allerhéchstens en dënne Flom op den Erhéijungen.

De Fazit

Vum Freidenowend un bis an d’Nuecht op de Samsden era kënnt et drop un, wou genee sech déi keelst Loftmassen an enger Héicht vun 1,5 Kilometer ophalen & wéi sech d’Loftmassegrenz an der Realitéit verhält am Verglach mat de Modellrechnungen. Den ECMWF weist den optimalen Zenario, iwwerdeems eng Mëschung aus dem ARPEGE an dem GFS erëm en zréckhalend mee och méiglecht Resultat weisen.

Am Fall GFS ass d’Loftmassentemperatur an der Rei, iwwerdeems d’Nidderschlagsentwécklung vun de Nuetsberechnungen op d’Moiesberechnungen weider eriwwer an Däitschland geshift gouf. Den ICON weist eng änlech Entwécklung, mee ëmgekéiert: am Ufank war de Schnéi méi fir eis däitsch Noperen, mëttlerweil gëtt en och bei eis berechent. Et gëtt also erëm eng knapp Geschicht!

A sollt et schneien: erwaart Iech kee mega Wanterabroch! Glat Stroossen jo, en dënne Flom op de Koppe jo, mee op weideres sollt een net hoffen.