Update: Muer um Freiden erreecht eis dat nächst Wandfeld

No de méi stiermesche Wandstéiss aus dem Virmëtten huet sech de Wand elo e bësse geluecht. Fir muer steet schonn dat nächst Wandfeld an de Startlächer.

Advertisement

Erëm kee richtege Stuerm

Wéi gëschter schonn gesot, huet et sech och haut de Moie net wierklech ëmt e richtege Stuerm gehandelt. Nëmme plazeweis konnt wierklech un der Warnschwell vun enger gieler Wiederwarnung gekrazt ginn, wéi beispillsweis zu Stengefort mat 74 km/h. Fir de Rescht ware mir mat de Spëtzte bei tëscht 40 a 65 km/h ënnerwee – spierbar, mee et hält sech a Grenzen. Eng änlech Situatioun steet eis fir muer de Freiden un.


De Parcours vum Déifdrockgebitt a Richtung Dänemark | Animatioun: wxcharts.com

En Déifdrockgebitt zitt mat sengem Kär vun de britteschen Inselen aus a Richtung Dänemark. Doduerch gerode mir schonn erëm ënnert e Wandfeld, wat duerchaus spierbar bei eis gëtt. Vu laanger Dauer wäert dat Ganzt awer net sinn.


D’Wandvitesse fir de Freide, berechent vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Kucke mir eis d’Berechnungen zu de Wandspëtzten un, dann hu mir den europäeschen ECMWF deen tëscht moies 6 Auer a mëttes 14 Auer mat punktuellen 50 bis 70 km/h rechent. Op den héchste Koppe wier eppes liichtes driwwer net ausgeschloss, mee et wier erëm sou eng Situatioun wéi haut. Déi kräftegst Wandstéiss si keen Dauerzoustand an triede spontan op. Trotzdeem kënnen dës Vitesse mol dofir duergoen, dass ugeschloe Beem duerch de Wand aus der rezenter Vergaangenheet de néidege leschte Kick kréie, fir ëmzefalen. Bis an de Freidenowend era bleift et lefteg, mee mir beweegen eis ëmmer méi vun de potenzielle stiermesche Wandstéiss fort.

E spannende Samsden

E Samsde gesäit virun allem den amerikanesche Modell GFS e méi kräftegt Wand-/Stuermfeld. Dagsiwwer wiere mir oft mat bis ëm 70 km/h dobäi, an de spéideren Owesstonne wieren esouuger mol Vitesse bis 90 km/h méiglech.


D’Wandvitesse fir de Samsden, berechent vum GFS | Grafik: wxcharts.com

Den ECMWF gesäit zwar och erëm eenzel stiermesch Wandstéiss bis niddereg ugesat Stuermstéiss, wëll awer näischt vun de schwéiere Stuermstéiss bis 90 km/h wëssen. Och den ICON & ARPEGE tendéiere méi a Richtung ECMWF.