Update: Oflaf zu stiermeschem Wand & Schnéischauere konkretiséiert sech

An der Nuecht op den zweete Januar erwaart eis eng markant Kalfront. Dës weist sech a Form vu kräftege Nidderschléi, déi vun engem stramme bis hin zu stiermesche Wand begleet ginn. Fir d’Wanterfrënn kéint och eppes dobäi sinn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Lues a lues fänkt sech d’Situatioun un, ze konkretiséieren. Zwar stinn nach e puer kleng Détailer op, mee dat generellt Bild ass an Tëschenzäit gewosst. Tëscht muer an dem Donneschdemoie beweegt sech e Stuermdéif mat sengem Kär vun de britteschen Inselen iwwert d’Nordséi bis op d’Ostséi eraus, ier et am weidere Verlaf esouguer a Westrussland ukënnt.


Hei gesi mir, wéi d’Stuermdéif mat senger Kalfront iwwert eise Kontinent ewechzitt | Animatioun: wxcharts.com

D’Kalfront dovu wäert eis an der Nuecht op en Donneschde passéieren an dobäi och liicht schläifen, wouduerch duerchaus mol gréisser Nidderschlagszomme kënnen erofkommen – nennenswäert gëtt awer och de Wand. Hannert der Front gerode kill Loftmassen op Lëtzebuerg, duerch déi d’Nidderschléi plazeweis a Schnéischauere sollen iwwergoen.

De Verlaf

Den éischte Januar geschitt nach net wierklech vill, just de Wand gëtt no a no méi spierbar. Interessant gëtt et eréischt vum spéideren Owend un, well déi besot Kalfront dann queesch iwwert der Belsch wäert leien. Un hir kënne sech Segmenter mat méi kräftege Schauere forméieren, un deenen d’Warscheinlechkeet vu stiermesche Wandstéiss erhéicht ass.


Déi aus aktueller Siicht plausibelst Berechnung fir de Wand an der Nuecht op den 2. Januar 2025 | Grafik: wxcharts.com

D’Front passéiert eis iergendwann tëscht dem spéiden Owend an der fréier zweeter Hallschent vun der Nuecht op en Donneschden. Iwwerall gëtt et naass, deels och op eng méi kräfteg Manéier. Dobäi ass mat stiermesche Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h ze rechnen, je no Intensitéit vun der Schaueraktivitéit kéint et plazeweis och e Stéck driwwergoen (bis 90 km/h) – wat dann awer eng Ausnam wier. Och wann dat net déi héchst Wandvitesse sinn, kann dat dofir duergoen, dass Beem an Äscht an d’Stroosse falen.


D’Modeller deiten un, dass sech besonnesch op de Koppen e bësse Schnéi kann drënnermëschen | Animatioun: wxcharts.com

Relevant sinn dann och nach déi kill Loftmassen, déi direkt hannert der Kalfront erakommen. Esou kann et am Laf vun der zweeter Nuetshallschent no a no, haaptsächlech awer op den héchste Koppen am Norden, ufänke mat schneien. D’Viraussetzung dofir ass allerdéngs, dass eis d’Nidderschléi net all ze séier verloossen. Je no Modell kann dëse Schnéifall och méi kräfteg ausfalen – mee dat gehéiert zu engem vun de klengen Détailer, déi mussen ofgewaart ginn. Et ass op alle Fall net onméiglech, dass sech kuerzzäiteg eng Couche vun iergendwou tëscht 1 a 5 cm kann entwécklen. Op allen anere Plazen am Land sinn, Stand elo, héchstens e puer Flacken dran, mee eng geréng Couche ass immens onwarscheinlech. Glat Stroosse sinn awer trotzdem eng Optioun, well d’Temperature bis an de fréie Moien op tëscht -1 an 3 Grad falen.

Um Donneschde selwer si nach eenzel Schauere méiglech, woubäi sech ëmmer nach Flacke kënne weisen. Gréisseres sollt ee sech awer net erwaarden.