Update: Onwiederpotenzial iwwer Mëtteleuropa d’nächst Woch

Iwwer Mëtteleuropa kënnt de Summer zwar un, mee domat och direkt e grousst Potenzial fir deels zolidd Donnerwieder.

Advertisement

Eng net ongeféierlech Mëschung

Am Artikel vu virdrun hu mir jo schonn thematiséiert, dass et elo ganz warscheinlech méi waarm zu Lëtzebuerg gëtt. E méi groussen Deel vum Waarmloft-Virstouss gëtt awer wuel méi wäit ëstlech hin transportéiert, esoudass gréisser Deeler vum Süde vun Däitschland labber 30°C ze erwaarden hätten, esou de momentane Stand. Kléngt bis ewell net wierklech no Onwieder – mee dann muss ee bedenken, dass am Laf vun der Woch ëmmer erëm kleng Déifdrockzonen esouwéi och déi eng oder aner Kalfront duerchzéien, déi dofir suergen, dass et variabel a virun allem ëmmer méi schmeier virugeet. An dëse schmeiere Loftmasse baut sech eng grouss Instabilitéit op, déi mat enger gutt ausgepräägter Wandscherung (Ännerung vu Wandvitesse- a Richtung mat der Héicht) gekoppelt ass. Dëst si Viraussetzunge fir regional onwiederaarteg Donnerwieder mat massivem Staarkreen, gréissere Knëppelsteng a Stuermstéiss.


Déi aktuell Berechnung vum europäesche Modell fir en Dënschden mat Undeitungen fir Donnerwieder | Grafik: wxcharts.com

Schonn vum Méinden un kënne sech iwwer West- a Mëtteleuropa eenzel Donnerwieder mat Staarkreen forméieren, d’Loftmasse ginn awer eréischt an den Deeg drop nach méi räich un Energie. En Dënschde besteet besonnesch iwwer Deeler vu BeNeLux an och der Mëtt vun Däitschland en erhéichte Risk, dass et op d’mannst punktuell mol ka viru goen. E Mëttwoch dréckt sech e klengt Héichdrockgebitt eran, duerch dat et groussflächeg zwar méi dréche bleift. Fir de Mëttwochowend an d’Nuecht op en Donneschde ginn et awer Modeller, déi vu Frankräich hier eng Zon mat kräftegen Donnerwieder undeiten.

Dat gréisst Potenzial fir en Donneschden?

Dat villt “Ronderëmgewusels” vun de verschiddenen Déifdrockzonen- a klenge Gebitter mécht et de Modeller immens schwéier, genee erauszefilteren, wat genee wou geschitt. Dat ass och ee vun de Grënn, firwat dass een déi Standard Smartphone-Wiederapps fir déi nächst Woch quasi ka vergiessen – do sëtzt nämlech kee Mënsch hannendrun, deen d’Prognos kontrolléiert an et fléisse meeschtens just een bis zwee Modeller do mat eran. Folgend Zeile sinn eng Moment-Opnam a kënne sech an e puer Stonne schonn erëm änneren:


Den amerikanesche Modell rechent de Moment mat enger immens geluedener Loftmass fir en Donneschden | Grafik: wxcharts.com

Fir en Donneschde rechent den amerikanesche Wiedermodell eng grouss Hëtzt-Blos, déi op de Süde vun Däitschland an och de Nordoste vu Frankräich iwwergräift. Temperature vun iwwer 30 Grad wiere méiglech, och zu Lëtzebuerg géife mir dru krazen. Zur selwechter Zäit rechent de Modell mat enger massiver potenzieller Energie (CAPE), déi punktuell tëscht 2500 an 4500 J/kg kann erreechen. Zesumme mat enger markanter Wandscherung a genuch Hiewungsfelder (eben duerch Buedemkonvergenzen etc.) wier och de Risk vu Superzellen erhéicht, déi besonnesch iwwert dem Nordosten/Osten vu Frankräich gréisser Knëppelsteng kéinten produzéieren. Och mir zu Lëtzebuerg hätten et mam Risk vun zolitten Donnerwieder ze dinn.

Den europäesche Modell ECMWF mécht änlech Undeitungen, dat awer e bësse méi schwaach an e Stéckche méi wäit vu Lëtzebuerg fort.

Et kann also sinn, dass fir déi zweet Wochenhallschent iergendeppes gréisseres “an der Heck” ass. Just ka nach kee soen, ob et wierklech op Plaz X dozou kënnt. Mir mussen déi nächst Modellleef ofwaarden a bis an déi nächst Woch era reegelméisseg am Aen halen.