Update: Realistesch Aschätzung zu de Schnéi-Berechnunge fir de Weekend

Et ass ze betounen, dass et sech zwar net ëmt e nohaltege Wanterabroch handelt – an awer kann et op d’mannst kuerzzäiteg nach eng Kéier wanterlech ginn. Mir kucken eis de neiste Modellstand un.

Advertisement

Globalmodeller GFS an ECMWF besonnesch “optimistesch”

Zanter enger gudder Zäit beobachte mir elo schonn déi wanterlech Berechnungen, déi fir de Weekend an de Kaarte ronderëmgeeschteren. An jo: Se sinn ëmmer nach do! All Modeller gesinn, dass et däitlech méi kal gëtt, deels erwaart eis esouguer e Réckgang vun ëm 10 Grad – mee dat mam Schnéi sollt een trotzdeem ganz virsiichteg genéissen.


D’Grousswiederlag fir d’Nuecht op e Sonnden. Däitlech gëtt, wéi déi kill Loftmassen et nach eng Kéier op Lëtzebuerg packen | Grafik: wxcharts.com

De Grond, firwat et de Weekend erëm esou kal gëtt ass deen, dass sech en Déif vun de britteschen Inselen aus a Richtung Skandinavien & Ostséi beweegt. Duerch d’Dréibeweegung géint d’Auer ginn op dësem Wee polar Loftmassen ugezaapt, déi an eis Géigenden erofgefloss kommen. Heescht also, dass e Samsden dagsiwwer viraussiichtlech nach 6 bis 8 Grad erreecht ginn an e Sonnden 5 bis 7 Grad. An de Nuechte géifen d’Wäerter besonnesch an där op e Sonnden op knapp iwwer 0 Grad zréckgoen. Dir mierkt et selwer: Fir et e richtege Wanterabroch ze nenne, sinn dat ze héich Temperaturen. Den amerikaneschen esouwéi och europäesche Modell gesinn dohier jeeweils entweder an de Nuetsstonnen oder am fréie Moien d’Warscheinlechkeet vun e puer Schnéi- a Schnéireenschaueren. Op de keelste Plaze kéint eventuell och kuerzzäiteg eppes leie bleiwen, ier et am Dag erëm séier verschwënnt.

D’Warscheinlechkeet vu Flacke klëmmt vum Samsdenomëtten un, dat haaptsächlech op den héchste Koppe vum Land. Den europäesche Modell ass esouguer méi optimistesch a gesäit bei méi kräftege Schaueren dass et fläit och op anere Plaze kann zu Flacken am Reen kommen. Iwwer Nuecht géifen dann déi bescht Konditioune bestoen, dass et plazeweis e bësse schneit. Dës soll sech dann vun do aus bis an de Sonndevirmëtten eran zéien, ier et duerno erëm däitlech ze waarm fir dat alles gëtt.

Erwaart Iech net ze vill!

Fir dass eis elo e puer Zentimeter Schnéi erwaarde, sinn d’Konditioune net gutt genuch! Allerhéchstens gëtt et wärend e puer Minutten bis fläit mol e puer Stonne lokal, besonnesch op de Koppe, liicht wäiss – mee domat huet et sech schonn. Op de méi nidderege Plaze kann déi eng oder aner Flack am Reen sinn, mee fir méi sollt et net duergoen.

Trotzdem weist dëst, dass et definitiv nach ze fréi ass fir Summerpneuen. Denkt och un Är empfindlech Planzen.