
Ier mir muer nach méi genee an den Détail ginn, hei de Schnell-Update. Fir e Samsdenowend steet dem Nordoste vu Frankräich, Süde vu BeNeLux & Westdäitschland e gréisseren Apparat an d’Haus.
Advertisement
D’Modeller bleiwen dobäi
Wéi schonn en Dënschden an engem Artikel thematiséiert, ass fir e Samsden tatsächlech eng gréisser Nummer an der Heck. Déi aktuell Modellrechnungen deiten alleguer e groussen Donnerwiedersystem un, deen am Laf vum Samsdenowend aus dem Nordoste vu Frankräich eriwwer an de Südwesten a Weste vun Däitschland zitt. Do, wou en driwwerzitt, ass haaptsächlech mat zolittem Staarkreen inkl. Iwwerschwemmungsgefor, schwéiere Stuermstéiss vun iwwer 100 km/h an och gréissere Knëppelsteng ze rechnen. Duerch eng punktuell ideal Iwwerlappung vun de Parameter kann e breede Spektrum u Wiedergeforen optrieden.

De System wäert esou grouss sinn, dass och mir zu Lëtzebuerg de meeschte Modeller no eppes sollen dovu matkréien. D’Fro, déi sech aktuell awer stellt ass, ob mir ënnert e méi kräftegt Segment dovu geroden, oder ob eis eppes manner staarkes erwaart. Eng Rei Modeller gesinn aktuell de Schwéierpunkt ganz knapp un eis laanschtgoen – mee dorop sollt ee sech net esou ganz verloossen. Mir halen d’Situatioun am Aen!
Mir gi muer méi genee op d’Thematik an. Halt d’Informatiounen heizou genee am Aen, well et soss mat Pech zu onangeneemen Iwwerraschunge kéint kommen – zumools a Saache Public Viewing.