Update Schnéi um Méinden: En éischte Bléck op d’Schnéihéichten

Nodeems een duerch déi enorm Differenzen an de Modeller an de leschten Deeg just spekuléiere konnt, kann een esou lues méi iwwert d’Situatioun soen. Weiderhin am Fokus: De Méindemoien. Dëst ass en ausféierlechen Update.

Advertisement

Kalfront mécht den Ufank

Nodeems mir an der leschter Nuecht schonn ënnert den Afloss vu méi kille Loftmasse gerode sinn, erwaart eis an de nächste Stonnen dann déi eigentlech Kalfront déi alles fir de Schnéi e Sonndenowend/Méinde selwer virbereet. Dës geet vun engem Déifdrockgebitt aus, wat vun haut de Mëtten un bis muer an de Nomëtten eran vun de britteschen Inselen a Richtung Skandinavien zitt. Südlech dovu gi mat der Kalfront eben och däitlech méi kal Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert.


Op der Kaart ass d’Kalfront gutt ze erkennen, wéi se aus Westen eragezu kënnt | Grafik: wxcharts.com

Nom Passage vun der Kalfront um fréie Sonndemoie si schonn muer um Sonnde selwer eenzel Schauere méiglech, déi besonnesch op de Koppen am Norden als Schnéireen erofkomme kënnen. Och de Wand ass dann erëm stiermesch ënnerwee, dat mat Spëtzte vun tëscht 60 a 75 km/h.

Randdéif als Trigger

Als Trigger vun der Schnéi-Situatioun um spéidere Sonndenowend mee virun allem vum fréie Méindemoien un déngt e Randdéif. D’Modeller hunn de Lafwee vun dësem Randdéif zwar nach net all d’selwecht an de Kaarten dran, an awer gesinn se all Schnéi op eis duerkommen.


D’Berechnung vum amerikanesche Modell GFS | Grafik: wxcharts.com

Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no zitt d’Randdéif vum Ärmelkanal aus iwwert de Norde vu Frankräich, dann iwwer d’Belsch iwwer Südholland bis a Nordrhein-Westfalen eran. Well mir zu dësem Zäitpunkt ënner kille Loftmassen an der Héicht leien, kënnt et duerch d’Nidderschléi, déi dëst Randdéif generéiert, héchstwarscheinlech net zu Reen mee Schnéireen a Schnéifall. Dëse Modell hei gesäit beispillsweis virun allem fir de fréie Virmëtten de stäerkste Schnéifall, deen net nëmmen d’Koppen mee och de ganze Rescht vum Land betreffe soll.


D’Berechnung vum europäesche Modell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit d’Randdéif och, mee et soll e bësse méi wäit nërdlech zéien. De stäerkste Schnéifall rechent de Modell schonn um fréie Moien fir de Beruffsverkéier, a soll bis an de fréie Virmëtten eran unhalen. Am Laf vum Dag wier ëmmer erëm nach mat Schnéischaueren ze rechnen, dat Intensivst hätte mir awer hannert eis.


D’Berechnung vum däitsche Modell ICON | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Modell ICON gesäit d’Randdéif méi wäit südlech zéien. Et soll vu Paräis aus kommen an eist Land mam Zentrum nëmme knapp verfeelen. Kënnt dësen Zenario, dann ass d’Warscheinlechkeet grouss, dass et bis ganz erof schneie kann. Am Kär vun dësem Déif kënnen d’Temperature nämlech nach weider erofgedréckt ginn, wouduerch d’Chancen fir Schnéi iwwerall weider klamme géifen. De Modell rechent vum fréie Moien u mat den éischte Flacken aus Westen, a Richtung Virmëtte soll eis dann de stäerkste Schnéifall erwaarden. Well d’Déif jo quasi genee iwwert eis zéie soll, kéim iergendwann och nach d’Récksäit vum Nidderschlagsgebitt op eis duer. Doduerch kéint eis am Nomëtten eng zweet Ronn u staarkem Schnéifall erwaarden. Et ginn awer och Hiweiser dorop, dass wat sech de Kär dann méi wäit ewech vun eis ewechbeweegt, d’Chancen op Schnéi an de nidderege Géigenden erëm zréckgoe wäert. De Norden huet also, wat de ganzen Zäitraum ugeet, déi gréisst Schnéiwarscheinlechkeet.


D’Berechnung vum franséische Modell ARPEGE | Grafik: wxcharts.com

De franséische Modell ARPEGE gesäit d’Situatioun änlech wéi den ICON. De Kär vum Déif kéim vum westleche Frankräich a Richtung Paräis gezunn a vun do aus soll et sech dann iwwert d’Provence an der Belsch weider a Richtung Nordrhein-Westfalen verlageren. Mir wieren also erëm zimmlech no um Kär vum Déif drun, wat déi selwecht Effekter ervirruffe géif wéi virdrun beim ICON beschriwwen. Den Zäitpunkt mam kräftegste Schnéifall soll knapp nom Haapt-Beruffsverkéier antrieden – fir d’éischt am Norden, am Virmëtten dann och am Rescht vum Land. Vum Mëtten u géifen d’Chancen op de Koppen d’selwecht bleiwen, am Süden géifen se awer op de nidderegste Plaze lues a lues zréckgoen.

D’Schnéihéichten

Lues a lues kann een och schonn méi iwwer d’Schnéihéichte soen, well d’Berechnunge vun de Modeller keng Welte méi auserneeginn.

Lëtzebuerg Nordhallschent

  • GFS: 2 – 4 cm
  • ECMWF: 2 – 5 cm
  • ICON: 3 – 7 cm
  • ARPEGE: 4 – 10 cm
  • Kachelmann SuperHD: 5 – 13 cm

Duerchschnëtt: 3,2 – 7,8

Umierkungen: Et kann zwar och op soss Plaze schneien, mee dat meescht ass definitiv fir Géigenden iwwer 400 Meter.

Lëtzebuerg Südhallschent

  • GFS: 0 – 2 cm
  • ECMWF: 1 – 3 cm
  • ICON: 0 – 1 cm
  • ARPEGE: 2 – 5 cm
  • Kachelmann SuperHD: 1 – 5 cm

Duerchschnëtt: 0,8 – 3,2

Umierkungen: Vun der Südhallschent hier huet d’Museldall déi schlechst Viraussetzungen.

Den duerchschnëttlechen Zäitpunkt wou den éischte Schnéi vun dëser Front bei eis ukomme soll ass de Modeller no tëscht 05:30 an 07:00 Auer.